- Details
- Veröffentlicht: 20. Mai 2014
Medikamenter gehéieren net an Hausoffall, Toilett oder Lavabo!
Hëlleft mat, datt ofgelafen an net genotzt Medikamenter net iwwer Reschtoffall, Toiletten oder Ofwasser an d'Ëmwelt gelaangen a soumat eis an eis Ëmwelt gefäerden!
Notzt d'Méiglechkeet an Ärer Apdikt souwéi bei der SuperDrecksKëscht® mobil an am Recyclingcenter ofzeginn!
Opgepasst:
- Och ofgelaf an net genotzt Kosmetikartikele gi vun der SuperDrecksKëscht® ugeholl.
- Notzt fir Är Sprëtzen a Kanülen de Secherheetsbehälter - dee kritt Dir och an Ärer Apdikt.
Méi Informatiounen fann Dir enner: medi.sdk.lu!




