Clever akafen – Bürosmaterial

Em wat geet et?

D’Benotzung vun ëmweltfrëndlecht Büromaterial geet net nëmmen ëm d’Ëmwelt an d’Gesondheet direkt ze schützen. En anere wichtegen Aspekt ass d’Benotzung vu sekundäre Rohmaterial aus Recyclingsquellen an d’Benotzung vun nohalteg produzéierte Rohmaterialien (nohalteg produzéiert Holz fir Pabeier an Holzprodukter).

Produktgruppen

Material fir ze schreiwen an ze drécken, wéi Hefter, Schreifbleck, Enveloppen

Material fir Archivéieren, wéi Uerdner, Farden

Material fir ze schreiwen an ze zeechnen, wéi Moolfaarwen a Bläistëfter, Bicker

Aner Produkter, wéi Pech, Lineal, asw.

Critèren

Am Allgemenge gëtt Reklamm gemaach fir Produiten aus recycléierte Materialien (z.B. Pabeier, Hefter, Linealer, Bicken, Füllfederen an aner Schreiwsaachen, déi erëm kënnen opgefëllt ginn,…) a Produiten, deenen hir Matière-premieren aus enger nohalteger Gestioun kommen. Critèrë kënnen och opfelle sinn an – am Fall vun elektroneschen Apparater – d’Energieversuergung mat Photovoltaikzellen.

Produkter aus biodegradabele Plastik a Produkter mat gesondheetlech schiedlechen Inhalter a bedenkleche Quantitéite sinn ausgeschloss.

Méi Informatiounen