D’SDK Label

D’SDK Label steet fir eng ëmweltgerecht Gestioun vum Offall

D’SDK Label ass een unerkannte Qualitéitszeeche fir eng ëmweltgerecht Gestioun vum Offall am Betrib an Institutiounen, dee vum Ëmweltministère, der Chambre de Commerce a vun der Chambre des Métiers verdeelt gëtt. An nëmmen déi Betriber, déi wierklech dat richtegt Offallkonzept an déi alldeeglech Praxis ëmsetzen, kréien dee Label a sinn esou ‘Label priméiert’.

D’Critèrë vum Label sinn:

  • Motivatioun vun all deenen, déi matmaachen
  • Ëmsetzung vun Offallvermeidungsmoossnamen
  • déi richteg Moossnamen huele fir den Offall ze vermeiden
  • Sammelplazen, déi gutt zougänglech sinn
  • e sécheren an ëmweltgerechten Depot
  • eng streng zortéiert Sammlung
  • eng héichwäerteg an transparent Offallgestioun an -entsuergung
  • eng ëmweltbewossten Direktioun

D’SDK Label ass zertifiéiert no der internationaler Norm ISO 14024:2000. Dës Zertifizéierung enthält ë.a. d’Kontrollprozedur an d’Ufuerderungen un d’Kontrolleuren. D’Offallwirtschaft an den Entreprisen, déi mam Label priméiert sinn, entsprécht deemno integral den Ufuerderungen an der Norm ISO 14024.

D’Anhale vun deene Critèrë gëtt all Joer am Betrib a bei Institutiounen iwwerpréift. Déi Kandidaten, déi de Label scho véier Joer ouni Ënnerbriechung hunn, kréien nach en extraen Diplom. Vun dann un gëtt de Betrib nëmmen all zwee Joer méi iwwerpréift.

Interesséiert? Da kontaktéiert eis w.e.g.:

SDK fir Betriber
Tel.: 488 216 1
Email: info@sdk.lu