SuperDrecksKëscht® feiert hiert 40 Joer
🎉 D’SuperDrecksKëscht® feiert hiert 40 Joer – 40 Joer Engagement fir e méi nohaltegt Lëtzebuerg! ♻️
Virun véier Joerzéngte als Léisung geschaf fir Biergerinnen a Bierger geféierlech Produiten ofzeginn, ass d’Aktioun SuperDrecksKëscht® haut e wichtegen Akteur an der Offallwirtschaft an an der Zirkulärwirtschaft zu Lëtzebuerg.
Méi wéi 6.000 Entreprisen zu Lëtzebuerg profitéieren vum Berodungsservice vun der SuperDrecksKëscht®, wat méi wéi 60 % vun der aktiver Bevëlkerung ausmécht.
👉 Iwwer 3.600 Entreprisen hunn aktuell d’SDK-Label – e Symbol fir e staarkt Engagement fir d’Nohaltegkeet.
Fir d’Biergerinnen a Bierger bitt d’SuperDrecksKëscht® stationär Sammlung an de Ressourcenzentren a mobil Sammlung an de Gemengen un.
♻️ 2024 goufen 4.556,2 Tonnen Offäll gesammelt – e konkrete Bäitrag zur Ressourcenschounung.
🌿 Nieft dëse Servicer ënnerstëtzt d’SuperDrecksKëscht® Initiativen, déi d’Zirkulärwirtschaft fërderen, wéi Shop Green, Repair & Share oder Ecobox, an erméiglecht jidderengem, aktiv e méi nohaltege Liewensstil ze liewen.
Mat der Entwécklung vum Ressourcenpotenzial als Transparenzinstrument an der Publikatioun vum Klimabericht (Scope 1, 2 an 3) stäerkt d’SuperDrecksKëscht® hir Roll als Pionéier am Beräich Nohaltegkeet an Ëmweltberichterstattung.
🌱 D’Aktioun zeechent sech duerch zertifizéiert Qualitéit aus: ISO 21001, ISO 14001, ISO 14024, EMAS an nach vill anerer.
🎓 Iwwer d’SDK Akademie huelen all Joer méi wéi 11.000 Participanten un Formatiounen a Workshoppen zur nohalteger Ressourcenbewirtschaftung deel.
D’Aktioun SuperDrecksKëscht® ass eng Initiativ vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, vun der Ëmweltverwaltung, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers.
💚 40 Joer Innovatioun, Qualitéit an Engagement fir eng méi propper a méi zirkulär Zukunft fir Lëtzebuerg!