Garantéiert Qualitéit duerch d’RAL-Qualitéitszeechen

D’RAL-Gütegemeinschaft „Réckproduktioun vu Frigoen“ zertifizéiert, datt beim Recycling vu Frigoen keng klimaschiedlech Gase fräigesat ginn an d’Wäertstoffer aus den ale Geräter optimal genotzt ginn.

Fir op Nummer sécher ze goen, datt keng klimaschiédlech Gase méi am zermuele Polyurethanschaum ass, gëtt mat Hëllef vun enger speziell entwéckelter Miesstechnik permanent kontrolléiert.

D’SDK ass Member vun der Qualitéitskommissioun RAL ‚Recyclage vu Killapparaten’.

RAL-Sigel si Qualitéitszeechen, déi charakteristesch Kennzeeche vun engem Produit oder engem Service neutral iwwerwaachen. Europawäit stinn se fir spezifesch Critèren, Konsumenteschutz an objektiv recycléierbar Qualitéit. Dëse Label baséiert op engem Katalog vun 20 Säiten, an deem Ëmwelt-Mindeststandarden definéiert sinn an déi onbedéngt beim Entsuerge vu Killapparaten anzehale sinn. Iewescht Zil vun dëser Verwäertung, déi dem RAL Qualitéislabel entsprécht, ass déi komplett Erfaassung an uschléissend eng ëmweltfrëndlech Entsuergung vum allen klimaschiedleche Gase, vu Quecksëlwerschalteren a Kondensatoren, sou wéi och déi komplett Verwäertung vun alle Matièren.

Dat permanent Anhale vun dëse Qualitéitscritèrë gëtt vun engem onofhängegen Institut gepréift. Et gëtt all Joer eng grouss an neutral Prüfung duerchgefouert.

D’SDK ass säit dem Aféieren vum RAL Qualitéitslabel 1999 Member vun dëser Kommissioun fir d’Killapparat-Entsuerger an ass ee vun deenen éischten, déi ausgezeechent goufen.

RAL-Qualitéitszeechen déngt schlussendlech de Clienten, déi sech mat Hëllef vun engem objektiven a zouverléissegem Label fir Qualitéit decidéiere kënnen.

Weider Informatiounen kritt Dir direkt bei der RAL-Qualitéits-Kommissioun ‚Recyclage vun den Killapparaten’.

Telefon: 00352 488 361 – 41.

Weider Informatioune fann Dier ënner : ral-online.org

REDcert

D’SDK sammelt gebraucht Iessenueleg an -fett a gëtt se zesumme mat hiren Partneren a qualitativ héichwäertege Biodiesel ëmgewandelt – dëst alles zertifizéiert no dem REDcert-System, deen vun der Europäescher Kommissioun unerkannt ass.

D’REDcert-EU-System ass ee vun de féierende Zertifizéierungssystemer fir nohalteg Biomass, Biokraftstoffer, flësseg Biobrennstoffer a Brennstoffer aus Biomass, an et kann weltwäit agesat ginn. Dëst System ass op all Etapp vun der Versuergungskette uwendbar – vu der Produktioun an Erfaassung vun de Rohstoffer, iwwer d’Veraarbechtung an den Uelegmillen, bis hin zur Hierstellung vun de Biokraft- a Biobrennstoffer.

Weider Informatioune fann Dier ënner : www.redcert.org.

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom