Eng Partie vu Produiten ginn aus dëse Grënn am Logistikzenter nozortéiert, mam Virdeel: méi en héijen Taux vu Verwäertung duerch Erauszortéieren vu Friemkierper a vun net gezeechente Matièren, an dat nom Wonsch vum Destinataire. En detailléierten Tri gëtt gemaach bei Luuchten, Plastik, alen elektreschen Apparaten, Kabelen, Medikamenter a Chemikalien.
Eng grouss Partie vum Offall muss behandelt ginn. D’Flëssegkeeten, Fett an Ueleg z.B., ginn ëmgefëllt fir e bessert Traitement, resp. eng besser Qualitéitskontroll. De Schredder huet de Virdeel, de Volume vu groussen Deeler ze reduzéieren (Stoussstaangen, verschiddenaartege Plastik, eidel Bidonen) an d’Duerchtrenne vu Metaller.
No der Behandlung kréien d’Behälteren eng Etikett a waarden am Depôt fir Geforeproduiten oder wäertvoll Wueren op den Oftransport bei den Destinataire.
Speziallogistik
E sécheren a kompetenten Transport
Bei der SDK gi Spezialcamionen agesat, déi d’Ofwécklung vun de Wäert-a Problemproduiten an de Betriber, wéi och op de mobilen Sammlung an de Ressource Zentren vun der SuperDrecksKëscht® fir Bierger iwwerhuelen.
Déi Camionen a Container si mat allen noutwendege Sécherheetsdispositiven aus dem internationalen Transportrecht ageriicht, déi en Transport ouni Gefor, souguer vu geféierleche Matièren, garantéieren.
Besonnesch bei spezielle Moossnamen (regelméisseg Entsuergunge vu Wäert- oder Problemproduiten a klenge Quantitéiten, d’Entsuergen vu Spezialproduiten, wéi Propan/Butangasfläschen oder Chemikalien), kann d’SuperDrecksKëscht® fir Betriber och d’Ofwëcklung iwwerhuelen.