D’Zortéiere vu Chemikalien, Laugen, Saieren, Léisungsmëttelen a Pestiziden gëtt nëmmen a speziellen Aarbechstraim mat kontrolléierter Atmosphär duerchgefouert.
D’Regaler am Depot vun de Geforematièren hunn héchst Sécherheetsstandarden (Regaler mat Opfänkbasengen a Sensore fir d’Fuiten ze detektéieren), an deenen d’Matièren no dem Geforepotenzial an de chemesche Charaketistike gelagert sinn. Eng Fuite oder d’Bildung vu brennbarem Dampgemësch gëtt direkt ugewisen datt a kierzester Zäit reagéiert ka ginn.
Brandmelder an e System vu Läschwaasserretentioun suergen derfir, datt och am Noutfall d’Gefore fir Ëmwelt a Grondwaasser esou kleng wéi méiglech bleiwen.
D’SuperDrecksKëscht®-Zenter gëtt 24 Stonnen am Dag mat techneschen Hëllefsmëttelen, an och duerch reegelméisseg Kontrollgäng iwwerwaacht. Et besteet eng enk Zesummenaarbecht mat dem Ëmweltministère, der Inspektion du Travail (ITM) an dem CGDIS.
Qualitéitsmanagement – de Labo leescht eng Haaptaarbecht
Fir d’Qualitéitssécherung an d’Aarbechtsséchertheet z’ënnerstëtzen, huet de SDK-Zenter en eegene Labo, wou qualifizéiert Mataarbechter/innen, mat héich techneschen Analyseapparaten allen Ufuerderunge gewuess sinn.
De Labo ass gefrot, wann et heescht, d’Qualitéit vun de Produiten, déi erakommen an déi, déi erausginn, ofzesécheren: Matièren, déi net bekannt sinn, ginn op der Plaz gepréift an analyséiert fir e sécheren a gesetzeskonformen Transport ze erméiglechen. Substanzen, wéi alen Ueleg oder Léisungsmëttelen, ginn am SDK-Zenter gepréift, fir sécher ze sinn, datt d’Critèrë vum Offalldestinataire fir d’Verwäertung oder d’Entsuergung garantéiert sinn.
Bei chemeschen Accidenter, Accidenter mat onbekannte Substanzen oder Entsuergung vun onbekannte Substanzen, ass d’SDK ronderëm d’Auer op, fir datt permanent an ouni Gefor entsuergt ka ginn.
Eng aner Aufgab vum Labo besteet doran, d’Funktiounsfäegkeet vun de Sécherheetsanlagen ze kontrolléieren an dat sécherheetstechnescht Equipement vun de Mataarbechter ëmmer asazbereet an um leschte Stand ze halen.