Zréck

KLIMA- A BIODIVERSITÉITSDAG

Artikel publizéiert den 23 April 2026

Mir sinn den 17. Mee 2026 dobäi bei der 4. Editioun vum Klima-a Biodiversitéitsdag zu Rued-Sir am Centre Culturel Syrkus. Grouss a Kleng, Naturfrënn a Virwëlzeger erwaart e flotten Dag mat engem villfältege Programm: Secondhand-Corner, Workshops, Informatiounsstänn, Expoen, e Repair Café, Shows an e Jonkplanzemaart.

• 10h00: Faire Kaffi
• 11h00: Offiziell Begréissung a Film-Première (Kuerzfilmer vu Schoulkanner aus der Gemeng Betzder)
• 13h30: Science-Show mat Live-Experimenter (Die Physikanten)
• 14h30: Kannershow “Betti a Litti spille mam Dreck” (EBL)
• 15h30: Virtrag: “Fuerschung a Biodiversitéit an der Gemeng Betzder” (Naturmusée)
• 16h00: Trëppeltour “Biodiversitéit ronderëm Rued-Sir”(Naturmusée & SIAS)

Fräi Entrée · PMR-frëndlech · erreechbar mam Zuch, Bus & Covoiturage Parking

Méi Infoen: www.klimadag.lu

Organiséiert vum Ëmwelt-an Naturschutzsyndikat SIAS an der Gemeng Betzder.

 

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom