Partnerprojeten
De Projet Mol nach emol steet dofir, d‘ Kreeslafwirtschaft an de lëtzebuergesche Schoulalldag z’integréieren. Hei gëtt onbenotzt Schoulmaterial gesammelt a kritt en zweet Liewen. Op dës Manéier kënne ganz Schoulklasse Material gratis benotzen, a Géigestänn, déi nach eng Kéier benotzt kënne ginn, ginn net entsuergt.
D‘BNE-Plattform gouf entwéckelt, fir den Austausch tëschent Organisatiounen an Institutiounen an der Bildungsgemeinschaft, déi sech mat Bildung fir nohaltieg Entwécklung (BNE) beschäftegen, ze fërderen. Si bitt ausserdeem der interesséierter Ëffentlechkeet d’Méiglechkeet, sech iwwer aktuell Entwécklungen an Offeren z‘informéieren.
D’Internetsäit huet follgend Zwecker:
– Kompetenzen, Offere fir BNE-Aktivitéiten a Schoulmaterial ubidden.
– Best-Practice-Beispiller an Erfarungen austauschen.
– Gemeinsam interdisziplinär Bildungsprojeten opbauen.
D‘SDK Akademie hëlt alljoers un der BNE Foire deel – eng Veranstaltung, déi Experten aus der formeller an net-formeller Bildung inspiréierend Impulser ginn, fir nohalteg Bildungsusätz ëmzesetzen.
Weider Infoen:
SustainLux ass eng Plattform, déi gesellschaftlecht Léieren an de Wëssensaustausch ronderëm d’Theema Nohaltegkeet fërdert. SustainLux gouf als interaktive Raum fir en Austausch konzipéiert an hieft lokaalt Wëssen, Interessen a spezifesch Kenntnesser, kombinéiert mat geografeschen Informatiounen, ervir.
D‘Visiteure ginn dozou invitéiert, selwer Bäiträg ze publizéieren oder sech mat den diverse Projeten op der Internetsäit ze vernetzen. SustainLux proposéiert ausserdeem eng Funktioun, déi et Organisatiounen erméiglecht, gratis Ausschreiwungen oder Präisser am Beräich Nohaltegkeet z’initiéieren.
Bei Gutt Geschier kënnt Dir gratis Geschier fir Är Handwierk- a Gaardenaarbechten ausléinen.
Gutt Geschier erméiglecht de Bierger, Handwierk- a Gaardegeschier auszeléinen amplaz et ze kafen. Sou ka jidderee seng Aarbechten doheem maachen, ouni deiert Geschier missen unzeschafen, dat eventuell dono kaum nach benotzt gëtt.
Mat Gutt Geschier drot och Dir zur Kreeslafwirtschaft bäi: 95 % vum ugebuedene Geschier gëtt nees verwäert a kritt duerch d’Initiativ en zweet Liewen. Wäertvoll Ressourcen, déi soss am Dreck oder am Recycling géife landen, ginn esou ouni groussen Opwand nees wäertgeschat.
De Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools ass eng Initiativ vum Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an Zesummenaarbecht mam Wirtschaftsministère. Dës Plattform bréngt Lycéeën, déi sech am Programm fir Sustainable Entrepreneurial Competence engagéieren, mat externe Partneren aus der Wirtschaft zesummen. Si dokumentéiert d’Projeten an d’Progrèsen vun de Schoulen am Beräich vum nohaltegen Entrepreneuriat a bitt de Partnere vum Projet en Espace, fir hir Aktivitéiten, wéi Workshoppen, kuerz Stagen, Virträg, Concoursen, Besichtegungen an Defien, ze presentéieren. Dës Aktivitéite sollen d’Kompetenze vun de SchülerInnen am Secondaire am Beräich vum nohaltegen Entrepreneuriat fërderen.
An Zesummenaarbecht mam Sivec bitt d‘SDK Akademie e Workshop ronderëm d‘Theeme Recycling, Ré-emploi an Offallvermeidung un. D’Klassen, déi matmaachen, kënne mat Hëllef vum Material, dat beim Sivec disponibel ass, kreativ Objete fir hir eege Projete kreéieren. Parallel dozou erliewen d’SchülerInne mat VR-Brëllen hautno de Recyclingsprozess vu Plastik a léieren dobäi, wéi en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcë funktionéiert.
An Zesummenaarbecht mam Science Center huet d‘SDK Akademie e ganz konkreete Workshop iwwert d‘Kreeslafwirtschaft entwéckelt. Hei léieren d‘SchülerInnen, wéi Plastik recycléiert gëtt a firwat en zouene Materialkreeslaf esou wichteg ass. D’Participantë gi gewuer, wéi si Plastikoffäll op eng sënnvoll Aart a Weis recuperéiere kënnen, fir d’Ressourcen ze schounen an d’Ëmwelt nohalteg ze schützen.
Green Events huet als Zil, den Ëmweltimpakt vun Evenementer zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an domat ëmweltfrëndlech Manifestatiounen ze fërderen, andeems Informatioun ugebuede gëtt, Sensibiliséierungsaarbecht geleescht gëtt an Organisateuren ënnerstëtzt ginn, déi wëllen ufänken ëmweltfrëndlech Eventer ze organiséieren.