SDK Akademie New
D’SDK Akademie, en Deel vun der SuperDrecksKëscht® Initiative, bitt eng Vielfalt vun Informatiouns-, Sensibiliséierungs- a Formatiounsméiglechkeeten ronderëm nohalteg Handlung, Ressourcekonservatioun an der Kreeslafwirtschaft.
Mat Programmer fir Schoulen, Erzéiungsinstituter, Gemengen, a Geschäfter striewe mir fir déi héchste Qualitéitsnormen, wéi bestätegt duerch eis ISO 21001 Zertifizéierung. Entdeckt eis breet Palette vun Offeren a bauen eng nohalteg Zukunft mat eis.
Mir freeën eis op Äre Besuch!
Max. 16 Persounen
Colmar-Berg
Kuckt hannert d'Kulisse vun der SuperDrecksKëscht®
Fir Visiteursgruppen aus dem professionelle Beräich, wéi Betriber, SDK-Kooperatiounspartner, ëffentlech Institutiounen, Verwaltungen oder Gemengen, bidde mir Visitten op eisem Site zu Colmer-Bierg un.
Kuckt hannert d’Kulisse vun der SuperDrecksKëscht® a kritt spannend Ablécker an eis Philosophie, eis Aktivitéiten an eis Konzepter ronderëm eng nohalteg Ressourcennotzung an d’Kreeslafwirtschaft. Eis Visitte weisen op eng praktesch Aart a Weis, wéi en erfollegräicht Ëmwelt- a Ressourcemanagement ëmgesat ka ginn, a bidden doriwwer eraus Geleeënheet fir e fachlechen Austausch.
Dat erwaart Iech bei Ärer Visitt:
- Ablécker an d’Aarbecht an d’Organisatioun vun der SuperDrecksKëscht®
- Informatiounen iwwert nohaltegt Ressourcen- a Stoffstroummanagement
- Praktesch Beispiller an Ëmsetzungsusätz aus der Kreeslafwirtschaft
- Visitt vun ausgewielte Beräicher vum SDK-Site
- Geleeënheet fir e fachlechen Austausch mat eisen Expertinnen an Experten
Mir freeën eis, Iech zu Colmer-Bierg begréissen ze däerfen.