Produkter fir de gewerbleche Gebrauch:
Wäschen a Botzen hunn ëmmer en Afloss op d’Ëmwelt, an dat virun allem op d’Waasserleef. Dofir ass d’Entscheedung fir en ökologescht Wäsch-a Botzmëttel an dee richtege Gebrauch dovun (Doséierung, Temperatur vum Waasser) net nëmme wichteg fir d’Ëmwelt, mee och fir d’Gesondheet vum Konsument.
Nieft deenen allgemenge Krittäre mussen déi ugebuede Wäsch-a Botzprodukter och nach produktspezifesch Critèren erfëllen. Déi Critèrë bestëmmen ënner anerem, wéivill Tensiden an de Produkter dra sinn a wéi gutt déi an de Waasserleef ofgebaut ginn, ausserdeem och d’Konzentratioun vun aneren Inhaltsstoffer ( z.B. Léisungsmëttelen, Bleechmëttelen, Parfumen, Enzymer,…).
![Logo Shop Green](https://sdk.lu/wp-content/uploads/2022/08/Logo-Shop_Green-800x0-c-default.png)
Nieft dem Asaz vun ëmweltschounende Produkter ass och déi korrekt Handhabung vun de Produkter souwéi déi richteg Botztechnik fir nohalteg an ökologesch Botzen onëmgänglech.