Datenschutzrichtlinnen – SDK Akademie

INFORMATIOUNSBLAT IWWER D‘BEAARBECHTUNG VU PERSÉINLECHEN DONNÉEËN 

Oeko-Service Luxembourg SA, am Follgenden „mir“ genannt, leet grousse Wäert op de Respekt vun Ärer Privatsphär an de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën. Mat dësem Informatiounsblat géife mir Iech gär doriwwer informéieren, wéi Är perséinlech Donnéeën, déi mir am Kader vun eise Formatioune sammelen, benotzt ginn an wat fir Rechter Dir hutt. 

WAT FIR ZORTE VUN DONNÉEË GI GESAMMELT? 

Wann Dir Iech fir eis Formatiounen umellt, wäerte mir déi perséinlech Donnéeën, déi Dir eis iwwermëttelt, beaarbechten, wéi z.B.: 

  • D‘Identifikatiounsdonnéeën (Familljennumm, Virnumm, Geschlecht, Funktioun, Betrib); 
  • D‘Kontaktdaten (E-Mail-Adress, Postadress); 
  • D‘Sprooche(n). 

RECHTSGRONDLAG AN ZWECK VUN DER BEAARBECHTUNG 

Mir benotzen d’Donnéeën, déi Dir eis iwwermëttelt, fir Är Umeldung ze geréieren a fir de reiwungslousen Oflaf vun de Formatiounen ze garantéieren. Dës Datebeaarbechtung ass noutwendeg, fir eise jeeweilege vertraglechen Obligatiounen nozekommen. 

Opgrond vun eisem legitimen Interessi, benotze mir Är Kontaktdaten, fir mat Iech iwwer eis Formatiounen ze kommunizéieren. 

WÉI LAANG GINN ÄR DONNÉEË GEHALEN? 

Är Donnéeë ginn esou laang gehalen, wéi et fir d’Erreeche vun den Ziler, fir déi se gesammelt goufen, noutwendeg ass, a maximal zwee Joer no Ofschloss vun der Formatioun.

U WIE GINN ÄR DONNÉEË WEIDERGELEET? 

Är Donnéeë gi vertraulech behandelt a ginn nëmmen un drëtt Parteie weidergeleet, wann et nëtzlech, noutwendeg a gesetzeskonform ass. Dës drëtt Parteie kënne Sous-traitantë, wéi eis IT-System-Ubidder, sinn. Mir garantéieren, datt Är Donnéeën an der Europäescher Unioun bleiwen. 

WAT FIR RECHTER HUTT DIR? 

Dem Gesetz no hutt Dir follgend Rechter: 

  • D’Recht op Informatioun. Mir hoffen, datt dëst Informatiounsblat Är Froe beäntwert huet. 
  • D’Recht op Zougang zu Ären Donnéeën.
  • D’Recht, Är Donnéeë corrigéieren ze loossen, wa se falsch oder net méi aktuell sinn.
  • D’Recht, eng Plainte bei der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) anzereechen, wann Dir der Meenung sidd, datt d’Beaarbechtung vun Ären Donnéeën net gesetzeskonform ass. 

A bestëmmte Fäll an ënner gesetzlech festgeluechte Conditiounen hutt Dir ausserdeem déi follgend Rechter: 

  • D’Recht, Är Donnéeë läschen ze loossen. 
  • D’Recht, eng Begrenzung vun der Beaarbechtung vun Ären Donnéeën ze verlaangen. 
  • D’Recht, sech aus legitimme Grënn der Beaarbechtung vun Ären Donnéeën ze widdersetzen. 
  • D’Recht op d’Portabilitéit vun den Donnéeën, déi Dir eis zur Verfügung gestallt hutt (d. h. d’Recht, Är perséinlech Donnéeën op engem Medium ze kréien, dee mat enger Maschinn gelies ka ginn), falls dat technesch méiglech ass.

Wann Dir Froen zur Beaarbechtung vun Ären Donnéeën hutt oder Är Rechter ausübe wëllt, kënnt Dir eis kontaktéieren: 

Per E-Mail: dpo@sdk.lu

Per Post: Zone Industrielle Piret L-7737 Colmar-Berg 

Fir déi aktuell Reglementatioun esou gutt wéi méiglech ze respektéieren, verflichte mir eis dozou, dëst Informatiounsblat, wann néideg, z’aktualiséieren.