Cookie-Richtlinnen

D’SuperDrecksKëscht® (nofollgend als « mir » oder « SDK » bezeechent) leet grousse Wäert op de Schutz vun Ärer Privatsphär an Äre perséinlechen Donnéeën. Dowéinst wëlle mir Iech transparent doriwwer informéieren, wéi mir Cookien op Ärem Apparat platzéieren, benotzen a späicheren, wann Dir eis Internetsäit benotzt, a wat fir Optiounen Dir hutt, fir dës Cookien ze geréieren.

Wat ass e cookie ?

E Cookie ass eng kleng Textdatei, déi vum Server vun der besichter Internetsäit oder vun engem Drëttserver op dem Apparat vum Internetbenotzer (Internetbrowser, Computer, mobilen Apparat) platzéiert gëtt, fir Informatiounen iwwert Iech, wéi z.B. Är Sproochastellungen oder Umellungsinformatiounen, ze späicheren. Mir benotze Cookien, déi als intern Cookië bezeechent ginn, a Cookië vun externen Ubidder, bei deenen et sech ëm Cookien aus engem aneren Domän handelt, wéi deem vun der Internetsäit, déi Dir besicht hutt.

Wat fir eng zort Cookië benotze mir ?

D’Cookien, déi mir op eiser Internetsäit benotzen, sinn a verschidde Kategorien agedeelt :

Onbedéngt noutwendeg Cookien : Dës Cookië si fir d’korrekt Fonctionéiere vun der Internetsäit noutwendeg. Si ginn normalerweis als Reaktioun op Aktiounen, déi Dir gemaach hutt, aktivéiert, wéi z.B. Är Sprooch- oder Dateschutzastellungen oder d’Ausfëlle vu Formulairen. Dir kënnt Äre Browser esou astellen, dass en d’Platzéierung vu Cookië blockéiert oder Iech iwwer d’Platzéierung vun dëse Cookien alertéiert. Wann dës Kategorie vu Cookien, déi keng direkt identifizéierbar perséinlech Donnéeë späicheren, vun Ärem Browser blockéiert gëtt, kann et allerdéngs sinn, dass Är Navigatioun op der Internetsäit beanträchtegt gëtt.

Cookië fir d’Moosse vun der Unzuel vu Visiteuren: Mat dëse Cookië kënne mir d’Unzuel vu Visiteuren an d’Quellen vum Dateverkéier op eiser Internetsäit ermëttelen, fir d’Performance vun eiser Internetsäit ze moossen an ze verbesseren. Si hëllefen eis och derbäi, déi am heefegste besichte Säiten z’identifizéieren an ze bewäerten, wéi d’Visiteuren op der Internetsäit navigéieren – dat ëmmer mat dem Zil, d’Internetsäit ze verbesseren. All d‘Informatiounen, déi vun dëse Cookië gesammelt ginn, ginn zesummegefaasst a statistesch verschafft. Wann Dir dës Kategorie vu Cookien aktivéiert, erméiglecht Dir eis, d’Qualitéit vun eise Servicer ze iwwerwaachen an ze verbesseren.

Cookien die op eiser Internetsäit genotzt ginn :

Identifikatioun CookienRetentiounszäitBeschreiwung
1. `pll_language`polylang, bevorzugt Sprooch, Zäit vun der SessiounPolylang benotzt e Cookie fir d’Sprooch ze erënneren déi vum Benotzer gewielt gëtt wann se d’Websäit erëm besichen.
2. `_pk_id.${ID}`matomo analytics, 1 JoerMatomo benotzt dëse Cookie fir déi eenzegaarteg Benotzer-ID ze späicheren.
3. `_pk_ses.${ID}`matomo analytics, 1 sessiounMatomo benotzt dëse Cookie fir eng eenzegaarteg Sessiouns-ID ze späicheren fir Informatiounen ze sammelen wéi d’Benotzer d’Websäit benotzen.
4. `GDPR_OK_youtube_com`youtube, 90 DeegFir agebaute Youtube Videoen ze kucken.
5. `GDPR_OK_stats_lightbulb_lu`statistiques, 90 DeegWeb Statistiken.
6. `GDPR_COOKIES_OK`Identifikatioun Cookien, Sprooch (login), etc, 90 DeegPreferenze Login a Sprooch.
7. `GDPR_OK_geoportail_lu`Kaart, 2 MeintKaart uweisen.

Destinatairë vun de perséinlechen Donnéeën

Är Donnéeë gi vertraulech behandelt an nëmmen dann un drëtt Parteie weidergeleet, wann et noutwendeg a konform mam Gesetz ass. Den Haaptdestinataire vun Ären Donnéeën ass d’SuperDrecksKëscht®.

Wann Dir awer Zorte vu Cookien auswielt, déi Dir op Ärem Apparat erlaabt, kënnen dës Cookien direkt vun eis oder vun externen Ubidder platzéiert ginn. Dat heescht, datt, wann Dir d’Installatioun vu bestëmmten, sougenannten „Drittanbieter-Cookies“ op Ärem Apparat zouloosst, si och op déi doran enthalen Informatiounen zeréckgräife kënnen (wéi z.B. Är Surfstatistiken, wann Dir Analys-Cookië vun externen Ubidder zouloosst).

D’SuperDrecksKëscht® stellt och sécher, dass eventuell Transmissioune vun Äre perséinlechen Donnéeën u berechtegt drëtt Parteien net zu enger Transmissioun an ee Land ausserhalb vun der Europäescher Unioun féiert, ouni dass appropriéiert Schutzmoossnamen ergraff ginn, déi besonnesch dorop ofzielen, Iech d’Ausübung vun Äre Rechter ze garantéieren.

Wei kann ee Cookië geréieren ?

Dir kënnt zu all Moment Ären Accord widderruffen oder Är Astellungen am Cookie-Banner op eiser Internetsäit änneren. Wann Dir net wëllt, dass mir Cookien op Ärem Apparat platzéieren, kënnt Dir d’Cookien och iwwer Är Browserastellungen blockéieren an/oder läschen.

Nofollgend fannt Dir Linken zu den Hëllefsmenüer vun de véier wichtegsten Browseren an déi entspriechend Prozeduren:

BrowserenProzedurenLinke fir weider Informatiounen
SafariGitt op „Einstellungen“ an dann op „Safari“.
Wielt „Cookies und Daten löschen“.
https://support.apple.com/fr-fr/safari
Google ChromeCliquez sur le menu Chrome dans la barre d’outils du navigateur
Sélectionnez l’option « Paramètres »
Cliquez sur « Afficher les paramètres avancés »
Dans la section « Confidentialité », cliquez sur le bouton « Paramètres de contenu, Cookie et données de site. Vous avez ensuite la possibilité de tous les supprimer ou de les sélectionner un par un.
http://support.google.com/chrome/bin/answer.py?hl=fr&hlrm=en&answer=95647
OpéraGitt op „Präferenzen“.
Wielt „Erweitert“.
Wielt „Cookies“.
http://help.opera.com/Windows/10.20/fr/cookies.html
EdgeCliquez sur les trois points « … » dans la partie supérieure droite de la fenêtre du navigateur
Sélectionnez « paramètres » dans le menu déroulant
Dans la fenêtre des options, cliquez sur l’onglet « Cookies et autorisations de site»
Pour désactiver les cookies, décochez le bouton “Autoriser les sites à enregistrer et à lire les données des cookies”
edge://settings/content/cookies

Wann Dir Froen zu der Veraarbechtung vun Ären Donnéeën hutt oder Är Rechter ausübe wëllt, kënnt Dir eis kontaktéieren:

Per E-mail : info@sdk.lu

Per Post:

SuperDrecksKëscht®
Zone Industrielle Piret
L-7737 Colmar-Berg
Luxembourg

Fir déi aktuell Reglementatioun esou gutt wéi méiglech anzehalen, verflichte mir eis derzou, dëst Informatiounsblat ëmmer dann z’aktualiséieren, wann et noutwendeg ass.