
Weiderbildungen
An dëser Formatioun léieren d‘Participanten, wéi déi aktuell Reglementer an Obligatiounen vun Entreprisen an op Chantieren am Beräich vum Offalltraitement korrekt applizéiert ginn. D’Participantë gi gewuer, wéi verschidden Offallfraktioune richteg getrennt a gelagert ginn. Ausserdeem ginn d’Potenzialer fir Offallreduzéierung a -vermeidung gewisen.
An dëser Formatioun léieren d’Participanten, geféierlech Substanzen a Produiten an an Offäll z‘identifizéieren an déi domat verbonne Geforen z’erkennen. Si gi gewuer, wéi ee Geforepiktogrammer identifizéiert a richteg interpretéiert. Ausserdeem gëtt hinne vermëttelt, wéi si mat geféierleche Produiten an Offäll sécher ëmgoe kënnen, fir d’Gesondheet an d’Ëmwelt ze schützen.
An dëser Formatioun verdéiwen d’Participanten hiert Wëssen iwwer déi sécher Lagerung an Entsuergung vu geféierleche Produiten, andeems se preventiv Moossname berücksichtegen. Si léieren, d’Geforen, déi vu Produiten ausginn, mat der richteger Lagerung an Handhabung ze verbannen. De Cours riicht sech u Participantë mat Grondkenntnesser a Chimie an/oder Erfarung am Ëmgang mat geféierleche Produiten.