top image

Aktivitéiten

Verpakungen am Alldag

Zilgrupp: 6-8 Joer
Participanten: Maximal 10 Kanner
Dauer: 1 Stonn

Ziler:
D’Kanner:
• verstinn, datt Offall en Deel vun eisem Alldag ass.
• erkennen d‘Bedeitung vun der korrekter Offalltrennung, fir Wäertstoffer fir d’Produktioun vun neie Produiten ze recuperéieren.
• léieren, wéi si Offäll richteg entsuergen.
• entwéckelen d‘Fäegkeet, onnéideg Offäll ze vermeiden.

Beschreiwung:
Wat si Verpakungen a firwat ginn et si? Muss wierklech alles verpaakt ginn a wat geschitt mat Verpakungen, wann se entsuergt ginn? An dëser spillerescher Aktivitéit entdecken d‘Kanner verschidden Aarte vu Verpakungen a léieren, wuer se nom Gebrauch higehéieren. Duerch praktesch Kenntnesser ginn d’Kanner gewuer, wéi si onnéideg Verpakungen erkennen an an Zukunft vermeide kënnen.

Recycling – D‘Beispill vum Pabeier

Zilgrupp: 6-8 Joer
Participanten: Maximal 15 Kanner
Dauer:: 2 Stonnen

Ziler:
D’Kanner:
• verstinn d’Bedeitung vun engem nohaltegen Ëmgang mat natierleche Ressourcen.
• erkennen um Beispill vum Pabeier, datt d’Produktioun vu ville Produiten opwenneg ass.
• wëssen, datt duerch Recyclingsprozesser wäertvoll Ressourcë geschount ginn.
• léieren, datt déi richteg Offalltrennung duerch d‘Verbraucher eng Viraussetzung fir d’Produktioun vu Recyclingsprodukter ass.

Beschreiwung:
Wouraus gëtt Pabeier gemaach a wat fir ee Wee duerchleeft den natierleche Rostoff bis zum fäerdege Produit? Sinn natierlech Ressourcen onbegrenzt verfügbar oder ginn et Grenzen? Ginn et nohalteg Alternativen zum Pabeier? Dës Froe ginn an dëser Aktivitéit op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis behandelt. D’Kanner ginn op eng spannend Entdeckungsrees, op där si sech mat de Veraarbechtungsprozesser auserneesetzen an hieren eegenen Recyclingspabeier maachen.

Eis Ëmwelt d‘Ressourcëspill

Zilgrupp: 8-12 Joer
Participanten: 8-12 Kanner
Dauer: 2 Stonnen

Ziler:
D’Kanner:
• setze sech mat gesellschaftlech relevante Froen auserneen.
• erkennen d‘Bedeitung vun engem nohaltegen Ëmgang mat natierleche Ressourcen.
• verstinn, wéi si als Verbraucher zu der Ressourcëschounung bäidroe kënnen.

Beschreiwung:
Dës Aktivitéit gëtt mat engem vun eis kreéiertem Brietspilll duerchgefouert. Mat Hëllef vu Quizfroen a spannenden Aufgabe kréien d’Kanner méi en déiwen Abléck an déi aktuell Ëmweltproblemer, wéi z. Bsp. d’Ressourcëknappheet. Gläichzäiteg entdecke si nohalteg Verhalens- an Handlungsmusteren, an denken doriwwer no, wéi hir eege Gesten d’Ëmwelt beaflossen.

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom