Materialkëscht fir auszeléinen

D’Theeme Ressourcëschounung an Nohaltegkeet si schonn integral Bestanddeeler vu ville Schoulen. Fir dat nach weider ze verdéiwen a fir d’Verënnerlechung vun dësen Theemen ze garantéieren, huet d’SDK Akademie Aktivitéite fir déi véier Cyclen entwéckelt. D’Enseignantë kënne Materialkëschten ausléinen, fir dës Aktivitéiten ëmzesetzen. Sou kënnen d’Aktivitéiten an de Cours matagebonne ginn.

No der Reservéierung vun den Aktivitéite per E-Mail oder Telefon, gëtt d’Material gratis an d’Schoul geliwwert an nom Ofschloss vun der Aktivitéit och erëm ofgeholl. Déi sougenannt „Workbooken” mat de Beschreiwungen an den Zousazinformatiounen zu deene verschiddenen Aktivitéite fannt Dir op eiser Internetsäit.

Dir hätt gär nach méi Informatiounen iwwer d’Ëmsetze vun der Nohaltegkeet an de Schoulen? Da mellt Iech fir déi vum IFEN unerkannt Weiderbildung un: Ressourcen- an Klimaschounung an der Schoul zesumme mam Label vun der SuperDrecksKëscht.

Méi Informatiounen dozou fannt Dir och hei.

Aktivitéiten

Aktivitéit Cycle 1

D’Offallmonster

Firwat ginn et verschidde Poubellen, a wat fir een Offall gehéiert a wat fir eng Poubelle?
Dës Froe ginn zesumme mam Déierche vun der SuperDrecksKëscht® beäntwert!

Aktivitéit Cycle 2

Déi grouss Schatzsich

Wouraus ginn eis alldeeglech Géigestänn iwwerhaapt produzéiert? Kann een eis Offäll benotzen, fir erëm eppes Neies ze produzéieren?
Dat léieren d’SchülerInne mam Zwerg Billy, andeems si him hëllefen, seng Schatzkëscht opzemaachen!

Audiodateien

Aktivitéit Cycle 3

Naturkreeslaf vs. Wertstoffkreeslaf

Wéi ginn natierlech Ressourcen an alldeeglech Géigestänn ëmgewandelt? A wat geschitt mat de Produiten, soubal se Offfall ginn?
D’Äntwerten op dës Froe kritt d’Klass am Kader vun enger ofwiesselungsräicher Aktivitéit!

Aktivitéit Cycle 4

24 Stonnen Offall

Wéi vill Offall produzéiere mir iwwerhaapt? Mécht et een Ënnerscheed, a wat fir enger Poubelle den Offall lant?
Dat fannt dir mat dëser Aktivitéit eraus!