Prozedur

D’Zortéiere vum Offall soll en integrale Bestanddeel vun enger gudder Bewirtschaftung vun engem Chantier sinn. Eng gutt duerchduechten Offallwirtschaft hëlleft net nëmmen, d’Käschten ze reduzéieren, mee huet och eng positiv Auswierkung op d’Aarbechtssécherheet um Chantier.

Baustellekonzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ziilt op d’Verbesserung vun der Offallvermeidung a –wirtschaft op de Chantieren an dréit domat zu enger Baustellebewirtschaftung am Accord mat de gesetzleche Bestëmmunge bäi.

Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber gëtt Iech nëtzlech Informatioune iwwer d’Reduktioun vum Volume an d’Schiedlechkeet vum Offall.

De Bäitrëtt vum Chantier zu der SuperDrecksKëscht® fir Betriber huet déi folgend Avantagen:

  • Kontroll vum Chantier duerch de Beroder vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber bei der Iwwerpréiwung vum Label a beim Rapport iwwer den Zoustand vum Zortéierzentrum un de Signataire vum Kader-Accord.
  • Bereetstelle vun Autocollante fir déi verschidde Sammelcontaineren ze markéieren.
  • Quantifikatioun vum Offallvolume, dee beim Bau ufält.
  • Plange vun der Sammelstatioun (Containergréisst, Lagerplang,…) um Chantier.
  • Bereetstelle vun engem Depliant fir d’Sensibiliséierung vun de Benotzer vum Zortéierzentrum.
  • Organisatioun vun enger zousätzlecher Formatioun (2 Stonnen) fir den Offallbeobtragten.
  • Benotze vum Fait, datt e Chantier op enger vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber mat engem Label ausgezeechenter Baustell iwwerwaacht oder bewirtschaft gouf, fir Reklammszwecker.

Wann d’Critèrë fir d’Verdeelung vum Qualitéitslabel vun der SDK fir Betriber agehale ginn, kann de Chantier de Label vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber kréien. Duerch den Asaz vum Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber kënnen d’Bauhären an d’Betriber zu enger nohalteger Entwécklung bäidroen.

Punkt 1: Plangen

Wann de Chantier bis an der Planung ass, ass et fir d’Bauhären, d’Architekten awer och fir d’Handwierksbetriber séier hëllefräich ze wëssen, wéi en Offall a wellechen Ausmoosse global (zentraliséiert Offallwirtschaftskonzept) oder pro Gewierk (dezentraliséiert Offallwirtschaftskonzept) während der Bauphas optriede kann. Mat dësen Donnéeë kënnen esouwuel d’Käschte vun der Entsuergung berechent wéi och d’Containerlogistik geplangt an optimiséiert ginn. Dofir gouf eng Berechnungshëllef mam Numm OYAT geschaaft, déi alle Bedeelegten op eng ganz einfach Manéier erméiglecht, am Viraus d’Zort an de Volume vun den Offallprodukter anzeschätzen.

Als Referenzgréisst gëtt de “Kubikmeter ëmbaute Raum“ oder de Volume vum Gebai agesat. Dës Donnée läit dem Architekt oder dem Ingenieur vir. Weiderhi muss een nëmmen nach de Bauofschnëtt an d’Gewierk uginn. Domat ginn dräi Donnéeën duer fir déi viraussiichtlech Offallsquantitéiten am Héichbau ze ermëttelen. (Oyat.exe)

Wann d’Gréisst and d’Aart vun de Sammelcontainere bestëmmt ass, kann e Plang opgestallt ginn, fir datt d’Surface vum Zortéierzentrum optimal genotzt gëtt.

Wann de Bauprojet eng separat Ausschreiwung fir d’Ariichte vum engem Zortéierzentrum um Chantier erfuerdert, kann d’SuperDrecksKëscht®de Responsabelen eng preparéiert Virlag zur Verfügung stellen. (Ausschreiwung.pdf)

Fir op engem Chantier vun Ufank un all déi Bedeelegt anzebezéien, ass et aus Erfarung sënnvoll e Kader-Accord tëschent de Responsabele vum Chantier an de Soustraitanten opzestellen. (Kader-Accord_Soustraitanten.pdf)

Wann d’Bauleitung /de Bauhär gär de Qualitéitslabel fir eng ekologesch Offallwirtschaft op dem Chantier kritt, muss e Kader-Accord tëschent der Bauleitung /dem Bauhär an der SuperDrecksKëscht® ënnerschriwwe ginn. Déi genee Critèrë fir d’Erdeele vum Label stinn ënner Punkt 3.

Punkt 2: Ëmsetzung

Nodeems op der Basis vun deem vum Beroder opgestallte Konzept d’Infrastruktur um Chantier steet, gëtt no engem mat dem Klient festgeluechten Zäitraum en Delai vereinbart fir d’Ëmsetzung vum Konzept z’evaluéieren an d’Mataarbechter anzeweisen. D’Mataarbechter kréien den Ëmgang mat der Sammelstatioun an der Praxis virgefouert an all eventuell Froe beäntwert. Et kënnen och Info-Blieder fir d’Benotzer vum Zortéierzentrum erstallt ginn, fir d’Qualitéit vun der Sammlung ze verbesseren. (infoblat.pdf)

Besonnesch d’Optimiséiere vun der Containerlogistik an d’Motivatioun vun de Mataarbechter sinn an dëser Ufanksphas d’Haaptfacteuren. De Beroder duerchschafft déi eenzel Punkten vun der opgestallter Offallwirtschaftsanalys an deelt dem Client d’Resultat vu senger Expertise an eventuell Ännerungsvirschléi mat. Besonnesch déi rout markéiert Punkte mussen esou séier wéi méiglech vum Client verbessert ginn, fir datt bei der nächster Visite e Fortschrëtt an der Offallbewirtschaftung festgestallt ka ginn. (analyse.pdf)

Punkt 3: Erdeelung vum Label

D’Label fir eng ekologesch Offallwirtschaft kann, wéi scho gesot, nëmmen nom Bäitrëtt (= Ënnerzeechne vum Kader-Accord) vun engem Chantier erdeelt ginn.

D’Decisioun, ob de Label kann erdeelt ginn, hängt vun de Critèrë fir d’Erdeelung an den Erhalt vum Label of.

D’Critèrë fir den Erhalt vum Label sinn ë.a.:

  • Sammelen an Zortéieren (z.B. erfollegt eng konsequent Sammlung vu Wäert- a Problemstoffer?)
  • Lagerung – Sëcherheet (z.B. ginn ëmweltgeféierlech Offäll duerch eng uerdnungsgemäss Opfänkariichtung esou geséchert, datt d’Pollutioun vu Waasser a Buedem ausgeschloss ass?)
  • Optesch Impressioun (z.B. ass d’Sammelstatioun an engem propperen an zerguttsterten Zoustand?)
  • Ofwéckelen (z.B. kann de Betrib d’Entsuergung vu sengen Offäll feelerfräi noweisen?)
  • Vermeidung (bestinn Vermeidungsinitiativen/Aktivitéiten?) (vermeidung.pdf)
  • Management (z.B. existéiert en Offallbilan?) (offallbilan.pdf)

Wann den Offallwirtschaftslabel erdeelt gëtt, ass dëse während engem Joer gülteg a kann eréischt no enger neier Analys vum Client erneiert oder verlängert ginn. Wa bei engem Test gréisser Mängel festgestallt ginn, féiert dat zum Entzuch vum Label.