Aktivitéiten
Zilgrupp: 7e bis 5e
Participanten: Maximal 30 SchülerInnen
Dauer: 1 x 2 Schoulstonnen
Ziler:
D‘SchülerInnen:
• verstinn, firwat natierlech Rostoffer ëmmer méi knapp ginn a firwat dat fir eis all wichteg ass.
• entwéckelen e kritescht Bewosstsinn fir den nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen a ginn esou zu kriteschen KonsumentInnen.
• léieren, wéi si Wäertstoffer richteg trenne kënnen, fir de Recycling z‘ënnerstëtzen.
• gi sech bewosst, datt hir eegen Handlungen dobäi hëllefen, Wäertstoffkreesleef erëm zouzemaachen an esou d’Ëmwelt ze schounen.
Beschreiwung:
De Ressourcëverbrauch an d‘Ressourcëschounung beaflossen dagdeeglech eist Liewen. Zum Optakt vun der Aktivitéit erliewen d‘SchülerInne spilleresch d’Erausfuerderunge vun der Ressourcëknappheet an der linearer Wirtschaft. Si léieren dobäi alternativ Modeller wéi d‘Offallpyramid an d‘Wäertstoffkreesleef kennen.
An interaktive Gruppe gi si de Recyclingsprozess vun alldeegleche Produiten eng Kéier ganz duerch an diskutéieren iwwer praktesch Alternativen – ëmmer mam Bléck op d’Fro: Wéi vill Afloss hu mir wierklech als KonsumentInnen?
Zilgrupp:: 4e bis 1ère
Participanten: Maximal 30 SchülerInnen
Dauer: 1 x 2 Schoulstonnen
Ziler:
D‘SchülerInnen:
• entdecken d‘Villfalt an d’Hannergrënn vun der Textilindustrie a verstinn, wéi divers dëse Secteur ass.
• Ginn dem Liewenswee vun ënnerschiddlechen Textilzorten no, vun der Produktioun bis bei d’Entsuergung.
• entwéckele kreativ Usätz fir e verantwortungsvollen Ëmgang mat Textilien.
Beschreiwung:
Am Ufank kréien d‘SchülerInne spannend Ablécker an déi komplex Welt vun der Textilindustrie an tauchen an déi oft verstoppt Erausfuerderunge vun der Moudeproduktioun an. Si léieren d‘„Pyramid vum nohaltege Konsum“ kennen an entwéckele praktesch Iddie fir eng méi nohalteg Notzung vun hire Kleeder. Ofschléissend soll eng Diskussioun iwwert extrem Liewensstiler d’SchülerInnen dozou ureegen, iwwert hiren eegene Konsum nozedenken – an zu engem méi bewossten Ëmgang mat der Moud inspiréieren.
Zilgrupp: 4e bis 1ère
Participanten: Maximal 30 SchülerInnen
Dauer: 1 x 2 Schoulstonnen
Ziler:
D‘SchülerInnen:
• verstinn d’Follge vun der Ressourcëverknappung, déi ëmmer méi zouhëlt.
• erkennen, datt eng nohalteg Entwécklung onbedéngt néideg ass, fir déi natierlech Ressourcen ze schounen.
• entwéckelen Iddie fir nohalteg Handlungsalternativen – op individuellem a politeschem Niveau.
Beschreiwung:
Wat bedeit Nohaltegkeet eigentlech? A wéi kann et sinn, datt mir Ressourcë fir ëmgerechent “1,5 Planéiten” verbrauchen? Dës a weider Froe stinn am Zentrum vun dëser Aktivitéit. D‘SchülerInnen entdecken dobäi d‘Konzepter vum ekologesche Foussofdrock a vum Earth Overshoot Day. Si setze sech intensiv mat hirem eegene Ressourcëverbrauch auserneen an entwéckele kreativ Iddie fir méi en nohaltege Liewensstil – vu perséinleche Verännerunge bis politesch Moossnamen.

Coaching
Ziler:
De Coaching soll de SchülerInnen an den Enseignanten d’Méiglechkeet ginn, hir Schoul aktiv a konkreet am Sënn vun der Nohaltegkeet ze veränneren. Esou gëtt nohaltegt Handele fir déi ganz Schoulcommunautéit gräifbar a méi einfach ëmzesetzen.
Beschreiwung:
Dëse Coaching riicht sech un engagéiert Schülergruppen (wéi z. Bsp. Schülerkommiteeën) an Enseignantsekippen, déi hir Schoul méi ressourcëschounend an nohalteg gestalte wëllen. Ob Offallvermeidung, Opklärung iwwer déi richteg Offalltrennung oder nohalteg Schoulevenementer – d‘Ëmsetzungsiddie kommen direkt vun de Participanten. D‘SDK Akademie steet berodend zur Säit a gëtt deen néidegen Knowhow, fir kreativ Iddie mat Succès ëmzesetzen. All Schoul kritt dobäi en individuell ugepasste Coaching, dee geziilt op hir Besoinen an Ziler ausgeriicht ass.

Besichtegung
Dir ënnerriicht an engem Lycée a géift gär mat Ärer Klass spannend Froe klären: Wat genau mécht d‘SuperDrecksKëscht®? Wat geschitt mat geféierlechen Offäll? Firwat ass et esou wichteg, datt Offäll gesammelt ginn?
Da besicht de Logistikzentrum vun der SuperDrecksKëscht® zu Colmer-Bierg! Mellt Iech einfach per E-Mail oder Telefon un an entdeckt mat Ärer Klass, wat d‘Haaptmissioun vun der SDK ass a wéi jiddereen dozou bäidroe kann, d’Ressourcë vun der Natur ze schützen.
