D’SDK fir Betriber

OFFALLGESTIOUNSPLANG: EKOLOGESCH GESTIOUN VUM OFFALL AM BETRIB

Am Sënn vum nationalen Offallgestiounsplang a vum nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung si mir alleguer gefuerdert, eis fir eng ëmweltgerecht, Energie- a ressourcëschounend Offallgestioun anzesetzen. Dat ass och d’Zil vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber, déi zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, mat der Chambre des Métiers a mat der Chambre de Commerce an d’Liewe geruff gouf, an déi all Betriber bei hirer ëmweltgerechter Ariichtung ënnerstëtzt.

Den Ëmgank mam Offall stellt haut grouss Ufuerderungen un den Offallproduzent – dat heescht, den Offall richteg sammelen, zortéieren a lageren, sichen no gëeegente Weeër fir en ze recycléieren an z’entsuergen, Präventiounsméiglechkeeten notzen, esou wéi sech un déi gesetzlech Offallvirschrëften halen, virun allem un d’Gesetz vum 9 Juni 2022. D’Beroder vun der SDK fir Betriber ënnerstëtzen d’Betriber bei der Realiséierung vun engem Offall- a Präventiounskonzept, an hëllefen hinnen esou Ekologie an Ekonomie ze verbannen.

Eis komplett Offer fir eng ökologesch Offallgestioun am Betrib:

  • Informatiounen a Berodung bei alle Froen iwwer den Offall a seng Präventioun
  • Analyse vun der interner Offallgestioun am Betrib
  • Individuell Betribskonzepter fir eng selektiv Sammlung an eng sécher an ëmweltgerecht Lagerung vun all Zorten Offall am Betrib
  • Offallbilane maachen
  • Schoulung a Motivatioun vun de Mataarbechter fir e richtegen Ëmgank mat geféierleche Substanzen a mam Offall
  • Den Offall ökologesch an transparent recycléieren
  • Déi Betriber, déi matmaachen, ervirsträichen a mam Qualitéitslabel fir eng ëmweltgerecht Offallgestioun auszeechnen(Qualitéitslabel SDK fir Betriber no ISO 14024)

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom