D’SDK Label

D’SDK Label ass een unerkannte Qualitéitszeeche fir den nohaltege Gebrauch vu Ressourcen am Betrib an Institutiounen, déi ënner dem Patronage vum Ëmweltministère, der Chambre de Commerce a vun der Chambre des Métiers ausgezeechent gëtt. An nëmmen déi Betriber, déi wierklech dat richtegt Offallkonzept an déi alldeeglech Praxis ëmsetzen, kréien SDK Label a sinn esou ‘Label priméiert’.

  • Engagement vu all Akteuren
  • Ëmsetzung vu Moossnamen zur Offallvermeidung
  • Schafung vun enger gutt siichtbarer a fir all Mataarbechter zougänglecher Sammelstell
  • Zouverlässeg an ëmweltfrëndlech Lagerung
  • Selektiv Offallsammlung
  • Eng transparent a qualitativ héichwäerteg Politik fir d’Recyclage an d’Entsuerung vum Offall
  • Eng ëmweltfrëndlech Gestioun

D’SDK Label ass zertifiéiert no der internationaler Norm ISO 14024:2018. Dës Zertifizéierung enthält ë.a. d’Kontrollprozedur an d’Ufuerderungen un d’Kontrolleuren. D’Offallwirtschaft an den Entreprisen, déi mam Label priméiert sinn, entsprécht deemno integral den Ufuerderungen an der Norm ISO 14024.

D’Anhale vun deene Critèrë gëtt all Joer am Betrib a bei Institutiounen iwwerpréift. Déi Kandidaten, déi de Label scho véier Joer ouni Ënnerbriechung hunn, kréien nach en extraen Diplom. Vun dann un gëtt de Betrib nëmmen all zwee Joer méi iwwerpréift.

SDK fir Betriber
Tél. : 488 216 1

Interesséiert? Da kontaktéiert eis w.e.g..

 

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom