Visitt-Primärschoul

Dir sidd Enseignant vun enger Klass aus dem Cycle 4 an Dir wëllt follgend Froe mat Ärer Klass beäntweren: „Wat mécht d’SuperDrecksKëscht®? Wat geschitt mat geféierlechen Offäll? Firwat ginn d’Offäll iwwerhaapt agesammelt?“
Dës Froe gi wärend enger spannender Schatzsich duerch de Logistikzenter vun der SuperDrecksKëscht® beäntwert!
Mellt Iech per E-Mail oder Telefon un a fannt mat Ärer Klass eraus, wat d’Haaptmissioune vun der SDK sinn a wéi jiddereen hëllefe kann, d’Schätz vun der Natur ze schützen!