Ausnahmsweis den 31. 12.2025 an den 02.01.2026 zou.
D’SDK Akademie ass houfreg, um Science Festival deelzehuelen!
Vum 22. bis den 25. November fannt Dir eis am Nationalmusée fir Naturgeschicht souwéi an der Abtei Neimënster.
Organiséiert vum Natur Musée an dem Nationalen Fuerschungsfong (FNR), setzt dëst wichtegt Event d’Wëssenschaften an de Mëttelpunkt.
🔍 Eise Bäitrag:
E flotte, interaktive Quiz iwwer déi konkret Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft – fir ze léieren, ze spillen an erauszefannen, wéi jiddwereen zu enger nohalteger Ressourcegestioun bäidroe kann.
Kommt eis besichen a test Äert Wëssen!
FAE-Präisiwwerreechung: e staarke Moment vun der Partnerschaft SuperDrecksKëscht® x ULC
Zanter engem Véierelsjoerhonnert si SuperDrecksKëscht® an d’ULC duerch eng zolidd Zesummenaarbecht verbonnen, gedroe vu gemeinsame Wäerter: Nohaltegkeet, Qualitéit an den Asaz fir d’Interesse vun de Bierger an de Konsumenten.
Am Kader vun der Foire Agricole d’Ettelbruck (FAE) hu mir – wéi all Joer – e gemeinsame Gewënnspill organiséiert. Et war eis eng Freed, 25 Persounen zu Colmar-Bierg fir d’Präisiwwerreechung ze begréissen.
🏆 D’Gewënner hunn ënner anerem krut:
D’Zeremonie ass mat engem gemittleche Patt weidergaangen, gefollegt vun enger Visitt vum Site vun der SuperDrecksKëscht® zu Colmar-Bierg.
E grousse Merci un all d’Participanten — a bis d’nächst Joer!
🎉 D’SuperDrecksKëscht® feiert hier 40 Joer – 40 Joer Engagement fir e méi nohaltegt Lëtzebuerg! ♻️
Virun véier Joerzéngte als Léisung geschaf fir Biergerinnen a Bierger geféierlech Produiten ofzeginn, ass d’Aktioun SuperDrecksKëscht® haut e wichtegen Akteur an der Offallwirtschaft an an der Zirkulärwirtschaft zu Lëtzebuerg.
Méi wéi 6.000 Entreprisen zu Lëtzebuerg profitéieren vum Berodungsservice vun der SuperDrecksKëscht®, wat méi wéi 60 % vun der aktiver Bevëlkerung ausmécht.
👉 Iwwer 3.600 Entreprisen hunn aktuell d’SDK-Label – e Symbol fir e staarkt Engagement fir d’Nohaltegkeet.
Fir d’Biergerinnen a Bierger bitt d’SuperDrecksKëscht® stationär Sammlung an de Ressourcenzentren a mobil Sammlung an de Gemengen un.
♻️ 2024 goufen 4.556,2 Tonnen Offäll gesammelt – e konkrete Bäitrag zur Ressourcenschounung.
🌿 Nieft dëse Servicer ënnerstëtzt d’SuperDrecksKëscht® Initiativen, déi d’Zirkulärwirtschaft fërderen, wéi Shop Green, Repair & Share oder Ecobox, an erméiglecht jidderengem, aktiv e méi nohaltege Liewensstil ze liewen.
Mat der Entwécklung vum Ressourcenpotenzial als Transparenzinstrument an der Publikatioun vum Klimabericht (Scope 1, 2 an 3) stäerkt d’SuperDrecksKëscht® hir Roll als Pionéier am Beräich Nohaltegkeet an Ëmweltberichterstattung.
🌱 D’Aktioun zeechent sech duerch zertifizéiert Qualitéit aus: ISO 21001, ISO 14001, ISO 14024, EMAS an nach vill anerer.
🎓 Iwwer d’SDK Akademie huelen all Joer méi wéi 11.000 Participanten un Formatiounen a Workshoppen zur nohalteger Ressourcenbewirtschaftung deel.
D’Aktioun SuperDrecksKëscht® ass eng Initiativ vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, vun der Ëmweltverwaltung, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers.
💚 40 Joer Innovatioun, Qualitéit an Engagement fir eng méi propper a méi zirkulär Zukunft fir Lëtzebuerg!