- Startsäit >
- SDK fir Stéit >
- Mobil Sammlung
Mobil Sammlung

Mobil Sammlungen sinn 4x am Joer an all Gemeng – entweder mat engem mobile Service-Center op der Haaptplaz vun der Uertschaft oder als Sammlung vun Dier zu Dier: da komme mir mat eisem Sammelauto virun Är Hausdier an dir kënnt Är Problemprodukter direkt ofginn.
Vill Gemengen hu Kalennere mat de Sammelterminer a – Strukture fir Är Uertschaft erausginn.
Dir kënnt dës Produiten an normalen Haushaltsquantitéite bei der SuperDrecksKëscht® entsuergen :
Aalenueleger a Fett / Batterien an Akkuen / Faarwen, Lacken a Léisungsmëttel / Bieren vun all Zort / Medikamenter a Sprëtzen (am léifsten an eisem Sprëtzen-Sécherheetsbehälter) / Kosmetik / Pestiziden / Botzmëttel / Spraydousen / Produkter mat Bitumen / Software a Hardware / kleng Haushaltsapparater / Feierläscher / Gaszylinder (Stot) souwéi Kichen Ueleger a Fetter,…
W.e.g. kee Sperrmüll oder Styropor !
Bei grousse Quantitéite vu Problemprodukter, z.B., beim Plënneren oder wann en Haus geraumt muss ginn, kënnt Dir och de Service bei der SuperDrecksKëscht® fir Bierger ufroen (via info@sdk.lu) deen alles ewechhuele kënnt.
Uertschaften an alphabetescher Reiefolleg