SDK Akademie New
D’SDK Akademie, en Deel vun der SuperDrecksKëscht® Initiative, bitt eng Vielfalt vun Informatiouns-, Sensibiliséierungs- a Formatiounsméiglechkeeten ronderëm nohalteg Handlung, Ressourcekonservatioun an der Kreeslafwirtschaft.
Mat Programmer fir Schoulen, Erzéiungsinstituter, Gemengen, a Geschäfter striewe mir fir déi héchste Qualitéitsnormen, wéi bestätegt duerch eis ISO 21001 Zertifizéierung. Entdeckt eis breet Palette vun Offeren a bauen eng nohalteg Zukunft mat eis.
Unser Bildungsangebot für Grundschulen
Beschreiwung
An dëser Aktivitéit setzen d’Schüler/innen sech mam Offall auserneen deen si wärend engem Dag produzéieren. Dono beschäftegen si sech, unhand fiktiver Persounen, mat den verschiddenen Offäll Zorten a Quantitéiten. Et ginn dobäi d’Gewunnechten mat enee verglach. D’Ziel ass et dat d’Schüler/innen selwer mierken, dass eise Ressourcëverbrauch ganz staark jee no eisem Liewensstil ënnerscheeden kann.
An dëser Aktivitéit steet d’Ressourcëschoung am Vierdergrond, duerch déi richteg Entsuergung vun Offäll, souwéi eng gezielten Offallvermeidung am Fokus.
Frot elo un!Léierzieler
D’SchülerInnen:
- Entwéckelen e Bewosstsin fir Ressourcen, déi mer all Dag konsuméieren
- Wëssen, dass duerch déi richteg Trennung vun Offäll, wäertvoll Ressourcen nach emol benotzt kënne ginn
- Léieren Offall am Alldag ze vermeiden
Verleihkiste
Kennen Sie schon die SDK Verleihkisten?
Sie können unsere Materialkisten mit Anleitung ausleihen und die Sensibilisierungsaktivitäten auch selbstständig mit Ihrer Klasse durchführen.