Mir hunn eng ëmweltfrëndlech an nohalteg Léisung fir Iech: d’ECOBOX!
D’ECOBOX ass e weiderverwendbare Kautiounssystem zu Lëtzebuerg fir Take-Away Iessen. Ob an engem Restaurant, a Kantinnen oder beim Take-Away, d’ECOBOX ka bal iwwerall genotzt ginn.
Andeems Dir d’ECOBOX e puer Mol benotzt, kënnen eng Onmass Einwegverpackunge gespuert ginn. Dëst féiert zu enger Reduktioun vum Offallvolumen, well net nëmme manner Verpackungen ewechgehäit ginn, mee gläichzäiteg och manner Liewensmëttel ewechgehäit ginn.
De System ass besonnesch ëmweltfrëndlech an nohalteg, well defekt oder net méi benotzbar ECOBOXe nees zréck un de Produzent geschéckt ginn an als Rohmaterial fir nei Produkter benotzt ginn.
D’ECOBOX gëtt an 2 Gréissten ugebueden, mat engem Volume vu 500 ml an engem vu 1000 ml.
