Dekonstruktioun

Déconstruction

Käschten- a Ressourceneffiziente Gebairéckbau

Wann no der Demolitioun gemëscht Baumaterial ufält, kascht et Zäit a Geld fir doraus erëm méiglechst zortereng Wäertstoffer fir e Recyclingprozess ze gewannen. Dogéint kann eng getrennt Erfaassung vu Materialzorten an engem Gebai virum Réckbau a Verbindung mat hirer getrennter Sammlung op der Plaz meeschtens zu zorterenge Fraktioune féieren a gëtt dowéinst par rapport zu der Erfaassung vu Materialgegemësch mat uschléissender Zortéierung bevirzugt. Deemno kënnen d’Konditioune fir en héichwäertege Recyclage an eng besser Vermaartung vun de Materialfraktioune besser erfëllt ginn. Also fërdert de selektive Gebairéckbau en héichwäertege Recyclage. D’Identifikatioun an déi getrennte Sammlung vu schiedleche Baumaterialien ass och noutwenneg fir d’Kontaminatioun vun onbelaaschte Materialien ze verhënneren a geféierlech Offäll no de gesetzleche Virgaben z’entsuergen.

D’Baustellekonzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber, op de Réckbau bezunn, besteet aus verschiddene Moossnamen, déi alleguerten zesummen d’Offallvermeidung a -wirtschaft op dem Chantier verbesseren an doduerch zur Reduktioun vun de Käschten, zur Ëmweltverdréiglechkeet an zur Aarbechtssécherheet bäidroen.

All Demolitioun-, Sanéierungs- oder Bauprojete musse suergfälteg geplangt an duerchgefouert ginn, fir Käschten ze spueren an Ëmweltbelaaschtungen ze minimiséieren.

Als Initiator vu Réckbaumoossnamen an Offallverursacher dréit de Bauhär d’Gesamtverantwortung fir d’Planung an d’Opstellung vum engem Materialinventar.

Fir Weiderverwennungs- a Weiderverwäertungsméiglichkeeten erkennen an applizéieren ze kënnen, huet d’Ëmweltverwaltung an Zesummenaarbecht mam „Luxembourg Institute of science and technology“ LIST Guide fir d’Preparatioun vun engem Inventar vu Baumaterialie beim Gebairéckbau opgestallt. Dëse Materialinventar soll méiglechst am Ufank vun engem Demolitiounsprojet opgestallt ginn an am Laf vun engem Réckbauprojet aktualiséiert ginn.

Demolitiounsoffäll

Konzepter a Moossname fir d’Vermeidung vun Offall a Recyclage nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft. Wärend Bau-; Réckbau an Demolitiounsmoossnamen entsti zwangsleefeg Offäll. Relevant gesetzlech Virschrëfte fir den Offallmanagement vu geféierlechen an net geféierlechen Offäll mussen erkannt an ëmgesat ginn. D’Baustellekonzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber besteet aus verschiddene Moossnamen, déi an hirer Gesamtheet d’Offallvermeidung a -wirtschaft op der Baustell verbesseren an esou zur Reduktioun vu Käschten, zur Ëmweltverdréiglechkeet an Aarbechtssécherheet bäidroen. De selektive Gebairéckbau gewënnt ëmmer méi u Bedeitung.

Prozedur
Dokumente – Rückbau
Referenzbaustellen
Labelzertifizierte Baustellen
Kontakt – Berodung-Baustellen