top image

Weiderbildungen

Mir gi géint den Offall vir! (IFEN)

Dës Formatioun bitt eng ëmfaassend Aféierung an d’Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft a presentéiert aktuell Projeten zu Lëtzebuerg. D’Participanten entwéckele kreativ a praktesch Usätz, fir Offall am Schoulalldag ze vermeiden, a setze gemeinsam mat de Kanner entspriechend Projeten an Iddien ëm. Ausserdeem gi Strategie vermëttelt, fir nohalteg Gesten an de perséinlechen Alldag z’integréieren a Wëssen un d’SchülerInne weiderzeginn.

Mir gi géint den Offall vir! (Focus)

Dës Formatioun huet zum Zil, d’Aspekter vun der Offallvermeidung an d’Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft op eng interaktiv Aart a Weis ze beliichten. Ausserdeem geet et dorëm, Prozesser, déi Deel vun der deeglecher Aarbecht mat Kanner sinn, esou ëmzegestalten, datt se méi ressourcëschounend ginn an de Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft entspriechen. D’Kanner solle sech deem bewosst sinn.

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom