top image

Weiderbildungen

Spezifesch Formatioun fir Clienten: Offallwirtschaft, Offallvermeidung a Kreeslafwirtschaft

Frot Är spezifesch Formatioun fir Clienten un an informéiert Iech iwwert de Präis an d’Disponibilitéit op akademie@sdk.lu

Offall- a Ressourcëmanagement fir Praktiker

D‘Formatioun „Offall- a Ressourcëmanagement fir Praktiker“ riicht sech un all déi, déi e ressourcëschounend Offallwirtschaftskonzept am Betrib ëmsetze wëllen. D’Zil ass et, Wëssen a Kompetenzen am effektiven an ëmweltfrëndlechen Offalltraitement ze vermëttelen, déi aktuell Legislatioun ze verstoen, déi verschidden Akteuren am Secteur vun der Offallwirtschaft kennen ze léieren a Potenzialer fir d‘Offallvermeidung z‘identifizéieren. E besonnesche Fokus läit op der Reduktioun vun Offäll duerch geziilt Preventiounsmoossnamen.

Dës Formatioun gëtt iwwer den CNFPC Ettelbréck organiséiert, am Optrag vun der Ëmweltverwaltung an an Zesummenaarbecht mat Valorlux ASBL, Ecotrel ASBL, Ecobatterien ASBL an der SuperDrecksKëscht®.

LINK CNFPC

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom