Formatiounen

D‘System vun der getrennter Collecte vum Offall nom SDK Residenzen-Konzept kann a ënnerschiddlech grouss Residenzen agesat ginn an erméiglecht eng sécher, propper a konform Gestioun vun dëse Gebaier. Doriwwer eraus droen d’Residanten an déi responsabel Syndicen (Hausverwaltungen) duerch d’Uwendung vun dësem System aktiv zu der Erhalung vun den natierleche Ressourcë bäi.
Fir de professionellen Akteuren déi noutwenneg Kenntnësser a Kompetenzen zur Verfügung ze stellen a se an hirer Missioun z’ënnerstëtzen, bitt d’SDK dräi Formatiounen un, déi speziell un déi respektiv Zilgrupp ugepasst sinn :

  1. SDK Residenzen – Gestioun vu Ressourcen
    Dës Formatioun bitt en allgemengen Iwwerbléck iwwert d’System „SDK Residenzen“. Si riicht sech un d’Akteure vun de Syndicen (Hausverwaltungen).
  2. SDK Residenzen – Praktesch Gestioun
    Et handelt sech ëm eng Formatioun, déi sech mam prakteschen Ëmgang mat Offall am Allgemengen a mat problemateschen a geféierleche Produiten am Besonnesche befaasst. D’Formatioun riicht sech u Mataarbechter vun techneschen Déngschten a Prestatairen.
  3. SDK Residenzen – Experte fir SDK-Produiten
    Dës Formatioun riicht sech u Cheffe vun Ekippen an/oder Responsabelen vu Servicer oder Prestatairen. D’Zil ass et, fundéiert Kenntnësser iwwert de richtegen Ëmgang mat problemateschen a geféierleche Produiten ze vermëttelen.

Wann Dir Froen hutt oder gär weider Informatiounen hätt, kënnt Dir eis gär per Telefon um 488 216 400 oder per E-Mail akademie@sdk.lu kontaktéieren.

Är SDK Ekipp

couverture du catalogue de formations pour les acteurs professionnels du secteur résidences