Konstruktioun

Construction

Ekologesch Offallwirtschaft um Chantier

De Bäitrëtt vum Chantier zu der SuperDrecksKëscht® fir Betriber huet déi folgend Virdeeler:

  • Kontroll vum Chantier duerch de Beroder vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber bei der Iwwerpréiwung vum Label a beim Rapport iwwer den Zoustand vum Zortéierzentrum un de Signataire vum Kader-Accord.
  • Bereetstelle vun Autocollante fir déi verschidde Sammelcontaineren ze markéieren.
  • Quantifikatioun vum Offallvolume, dee beim Bau ufält.
  • Plange vun der Sammelstatioun (Containergréisst, Lagerplang,…) um Chantier.
  • Bereetstelle vun engem Depliant fir d’Sensibiliséierung vun de Benotzer vum Zortéierzentrum.
  • Organisatioun vun enger zousätzlecher Formatioun (2 Stonnen) fir den Offallbeobtragten.
  • Benotze vum Fait, datt e Chantier op enger vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber mat engem Label ausgezeechenter Baustell iwwerwaacht oder bewirtschaft gouf, fir Reklammszwecker.

Wann d’Critèrë fir d’Verdeelung vum SDK Label agehale ginn, kann de Chantier de Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber kréien. Duerch den Asaz vum Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber kënnen d’Bauhären an d’Betriber zu enger nohalteger Entwécklung bäidroen.

Prozedur
Dokumenter-Chantier
Referenzbaustellen
Kontakt – Berodung-Baustellen
Registrierung der Baustelle