Leco-Box

SuperDrecksKëscht® Leco-Box

D’SuperDrecksKëscht® Leco-Box gouf entwéckelt fir den Ufuerderungen un eng getrennt Sammlung vun Offallstoffer op klenge Chantiere gerecht ze ginn. Gréisser Chantieren hunn oft Containerparken, déi op der Plaz um Chantier opgestallt ginn. Am Géigesaz dozou steet de Bau vun Eefamilljenhaiser, Residencen asw. Déi Chantiere leiden am Allgemengen u Plazmangel.
D’SuperDrecksKëscht® Leco-Box erméiglecht eng getrennt Sammlung a Lagerung vun iwwer 20 verschiddenen Offallstoffer op klengstem Raum. Et gëtt nëmmen ongeféier d’Gréisst vun enger Parkplaz fir d’Opstelle gebraucht (2100x1140x2320 mm Baussemoossen; ouni Baussenhalterungen).

D’Leco-Box kann am Laf vun de Baustellenaarbechten un déi gewerbespezifesch Offallstoffer ugepasst ginn an um Chantier mat Kran oder Gabelstapler beweegt ginn. Si erméiglecht déi getrennt Sammlung z.B. vu Styrodur, Styropor, Plastikfolien, Kraft-Säck, Mineralwoll, Glaswoll, Kartong an och kleng Volumme vu Spraydousen, PU-Schaumdousen, Bitumenoffäll, Faarwen/Lack, Schuedstoffverpackungen, Liichtstoffluuchten, Batterien, elektresch Apparater, Kabeloffäll, an Huelglas, PMC-Verpackungen (Valorlux) an Haushaltsoffäll.

Entsuergung

Duerch d’zentral Sammlung vun allen Offäll an d’Entsuergung iwwer e Client ass eng genee Bilanzéierung an Opstellung vun den Offallkäschten fir de Chantier méiglech. Dëst entsprécht z.B. den Ufuerderungen vu Lenoz fir d’Subventionéierung vu Wunngebaier.

Weider méiglech Uwennungsberäicher:

  • A Gemenge fir d’Offallsammlung am Atelier.
  • Sammelstatioun bei der Organisatioun vu Feieren a Concerten.
  • Betriber mat raimlechem Plazmangel am Banneberäich.
  • Leco-BOX ass fir d’Lagerung vun Offallstoffer am Bausseberäich gëeegent.
  • ….

Unschafung

D’SuperDrecksKëscht® Leco-Box kann iwwer d’SuperDrecksKëscht® am Viraus bestallt ginn. D’Liwwerzäite kënnen e puer Wochen sinn. Et gëtt d’Méiglechkeet d’Leco-Box ze lounen oder ze kafen.

Méi genee Informatiounen fannt Dir am Dateblat vun der SuperDrecksKëscht® Leco-Box.

Fir weider Froen an Informatioune berode mir Iech gär perséinlech.

Biller Leco-Box

Datenblatt SDK Leco-Box

Kontakt & Reservéierung