Konsumenteschutz

Nohaltege Konsum bilt eng Dimensioun vum Konsumenteschutz: Sécher Produkter, fair Präisser a verständlech Produktinformatiounen an Etikettéiere si wichteg fir d’Konsumenten. Zousätzlech huet de Konsum och en Impakt op d’Rechter vun de Mataarbechter a sozialen an Ëmweltnormen, net nëmmen hei, mee och an de produzéiere Länner. D’Konsumente mussen also fäeg sinn, sech d’Konsequenze vun hirem Konsum bewosst ze ginn, an Alternativen um Maart ze fannen. Nëmmen dann hu si d’Méiglechkeet hiert Konsumverhale kritesch ze evaluéieren an z’änneren.

D’SDK an de Lëtzebuerger Verbraucherschutzverband ULC schaffen dofir zanter iwwer 20 Joer enk zesummen a tauschen reegelméisseg Informatioun aus.

Zënter engem Véireljoerhonnert schaffen d’SuperDreckskëscht® Action an d’ULC – Lëtzebuerger Verbraucherunioun erfollegräich zesummen.

Eist gemeinsamt Zil: Leit ze hëllefen méi nohalteg ze liewen an ze konsuméieren.

Dës laangjäreg Partnerschaft weist wéi wichteg zouverlässeg Zesummenaarbecht ass – besonnesch wann et ëm déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit geet.

  • Fir de Schutz vun der Ëmwelt.
  • Fir de Konsument.
  • Fir eng verantwortlech Zukunft.

Fir méi Informatiounen, besicht : www.ulc.lu

protection consumateur

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom