SDK fir Stéit

Berodung, Asammlung an ëmweltgerecht Entsuergung – d’Grondsaile vun der SuperDrecksKëscht fir Bierger.

Keng Probleemer méi mat de Problemprodukter

D’SuperDrecksKëscht® fir Bierger sammelt a ganz Lëtzebuerg schuedstoffhaltech Offäll aus Privatstéit– gratis a biergerfrëndlech. Domat kréien all Awunner a Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, ëmweltbelaaschtend a geféierlech Offäll vum Hausoffall ze trennen a separat ofzeginn.

Verschidde Sammelsystemer gi jidderengem d’Méiglechkeet, seng Problemoffäll ëmweltgerecht ze entsuergen. Di agesammelt Stoffer gi schonn an der Sammelstell virsortéiert a sécher verpaakt. Am Logistikzenter vun der SDK geschitt dann dat endgültegt Sortéieren a Verpake fir den Transport zu den Offallempfänger. Fir d’Auswiel vun der Endbehandlung gëllt: D’Verwäertung huet absolut Virrang, nëmme wann dës net méiglech ass erfollegt eng ëmweltgerecht Entsuergung a gëeegente Anlagen, z.Bsp. Héichtemperaturbehandlung. Ëmmerhi 70 % vun den agesammelte Stoffer kënne ganz oder op d’Mannst deelweis verwäert ginn.

Photo du Service Center (Camionnette) de la SuperDrecksKëscht/SDK

Ganz wichteg sinn eis Informatioun a Berodung, virun allem am Bezuch vun ëmweltgerechtem Verhalen an Offallvermeidung. Mat verschiddenen Aktivitéite fir jonk an al, Ausstellungen a facettëräichem Informatiounsmaterial géinge mir gären zu ëmweltgerechtem Verhale motivéiere – natierlech ëmmer (interessant) ënnerhalend a mat prakteschen Tipps.

Dir kënnt dës Produiten an normalen Haushaltsquantitéite bei der SuperDrecksKëscht® entsuergen :

Ueleger a Fett/Batterien/Faarwen, Lacken a Léisungsmëttel/Bieren vun all Zort/Medikamenter a Sprëtzen (am léifsten an eisem Sprëtzen-Sécherheetsbehälter)/Kosmetik/Pestiziden/Botzmëttel/Spraydousen/Produkter mat Bitumen/Software a Hardware/kleng Haushaltsapparater/Feierläscher, Gaszylinder (Stot) souwéi Kichen Ueleger a Fetter,… Bei grousse Quantitéite vu Problemprodukter, z.B. beim Plënneren oder wann en Haus geraumt muss ginn, kënnt Dir och eise Service ufroen, deen alles ewechhuele kënnt.

W.e.g. kee Sperrmüll oder Styropor !

Je no der Gemeng ginn et folgend Sammelsystemer:

Haus-zu-Haus-Sammlung ab 7 Auer.
Sammelplaz ab 7:30 Auer.
Informéiert Iech wgl. op eiser Websäit oder bei Ärer Gemeng.

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom