Verschidde Sammelsystemer vun der SDK gi jidderengem d’Méiglechkeet, seng Problemoffäll ëmweltgerecht ze entsuergen. Di agesammelt Stoffer gi schonn an der Sammelstell virsortéiert a sécher verpaakt. Am Logistikzenter vun der SDK geschitt dann dat endgültegt Sortéieren a Verpake fir den Transport zu den Offallempfänger. Fir d’Auswiel vun der Endbehandlung gëllt: D’Verwäertung huet absolut Virrang, nëmme wann dës net méiglech ass erfollegt eng ëmweltgerecht Entsuergung a gëeegente Anlagen, z.Bsp. Héichtemperaturbehandlung. Ëmmerhi 70 % vun den agesammelte Produkter kënne ganz oder op d’Mannst deelweis verwäert ginn.

Ganz wichteg sinn eis Informatioun a Berodung, virun allem am Bezuch vun ëmweltgerechtem Verhalen an Offallvermeidung. Mat verschiddenen Aktivitéite fir jonk an al, Ausstellungen a facettëräichem Informatiounsmaterial géinge mir gären zu ëmweltgerechtem Verhale motivéiere – natierlech ëmmer (interessant) ënnerhalend a mat prakteschen Tipps.

Dir kënnt dës Produiten an normalen Haushaltsquantitéite bei der SuperDrecksKëscht® entsuergen :
Aalen ueleger a Fetter / Batterien an Akkuen / Bieren vun all Zort / Botzmëttel / Faarwen, Lacken a Léisungsmëttel / Feierläscher / Gaszylinder (Stot) / Kichen Ueleger a Fetter / kleng Haushaltsapparater / Kosmetik / Medikamenter a Sprëtzen (am léifsten an eisem Sprëtzen-Sécherheetsbehälter) / Pestiziden / Produkter mat Bitumen / Spraydousen , souwéi Software a Hardware, …
Bei grousse Quantitéite vu Problemprodukter, z.B. beim Plënneren oder wann en Haus geraumt muss ginn, kënnt Dir och eise Service ufroen, deen alles ewechhuele kënnt.
W.e.g. kee Sperrmüll oder Styropor !
Je no der Gemeng ginn et folgend Sammelsystemer:
Haus-zu-Haus-Sammlung ab 7 Auer.
Sammelplaz ab 7:30 Auer.
Informéiert Iech wgl. op eiser Websäit oder bei Ärer Gemeng.

