Datenschutzrichtlinnen

D’SuperDrecksKëscht® (nofollgend als « mir» oder « SDK » bezeechent) leet grousse Wäert op de Schutz vun Ärer Privatsphär a verflicht sech derzou, Är perséinlech Donnéeën no der aktueller Reglementatioun iwwer d’Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë ze geréieren, besonnesch no der Veruerdnong (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament an dem Europäesche Rot vum 27. Abrëll 2016 (nofollgend „DSGVO“ genannt) an dem Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d’Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an der allgemenger Reegelung vum Dateschutz.

Uwendungsberäich

Dës Dateschutzerklärung preziséiert, wéi mir perséinlech Donnéeën iwwer eis Internetsäit sammelen a benotzen.

Zwecker vun der Datesammlung

Am Allgemengen ass et méiglech, op dës Internetsäit zouzegräifen an op hir ze navigéieren, ouni perséinlech Informatiounen oder Donnéeë präiszeginn. Wann Dir Iech awer fir bestëmmt Cookien entscheed, eis iwwer eise Kontaktformulaire kontaktéiert, eis Newsletter abonéiert oder eisen « Kundenportal » benotzt, gi perséinlech Donnéeë gesammelt, fir Är Ufro ze traitéieren, Äre Clientskont ze geréieren, an och fir Är Navigatioun an eis Servicer ze verbesseren.

Wat fir eng Zort Donneeë sammele mir?

Déi gesammelt Donnéeë sinn haaptsächlech :

  • Identifikatiounsdonnéeën (Familljennumm, Virnumm…);
  • Kontaktdaten (E-Mail-Adressen, Familljennumm, Virnumm, Sprooch);
  • Connexiounsdonnéeën (Cookien, IP-Adress, …);
  • Kommunikatiounssprooch;
  • All aner Kategorie vun Donnéeën, déi an der geschéckter Noriicht enthale sinn.

D‘Verschaffe vun dësen Donnéeë geschitt op der Grondlag vun Ärem Accord oder am berechtegten Interêt vun der SuperDrecksKëscht®, besonnesch wat d’Verbesserung vun hire Servicer ugeet.

Cookien

Zu de gesammelten Donnéeën gehéieren och Donnéeën, déi sech aus der Platzéierung vu Cookien erginn. D‘Benotzer vun dëser Internetsäit bestätegen, dass si iwwer d’Méiglechkeet informéiert gi sinn, hiren Accord via d’Astellungen am Banner vun der Internetsäit ze änneren.

Fir weider Informatiounen liest wgl. eis Cookie-Richtlinnen.

Destinatairë vun den Donnéeën

Är Donnéeë gi vertraulech behandelt an nëmmen dann un drëtt Parteie weidergeleet, wann et noutwendeg a konform mam Gesetz ass. Zu dësen drëtte Parteie kënnen eis Fournisseure vu bestëmmte Servicer gehéieren, besonnesch am Kader vum IT-Outsourcing. An deem Fall stelle mir sécher, dass Är Donnéeën an der Europäescher Unioun oder a Länner mat engem vergläichbaren Dateschutzniveau bleiwen.

Konservéierungsdauer

D’Donnéeë ginn nëmmen esou laang konservéiert, wéi et fir d’Zwecker, fir déi se gesammelt gi sinn, néideg ass an héchstens esou laang, wéi et dem Gesetz no virgesinn ass.

  • Déi am Kader vun Informatiounsufroe gesammelt Donnéeë gi op Demande vun der betraffener Persoun geläscht oder 2 Joer vum leschte Kontakt mat der betraffener Persoun.
  • D’Donnéeën, déi fir d’Verschécke vun eiser Newsletter gesammelt ginn, ginn op Demande vun der betraffener Persoun oder bei der Ofmellung geläscht.
  • Déi am Kader vun der Gestioun vum Clientskont iwwer den „Kundenportal“ gesammelt Donnéeë gi op Demande vun der betraffener Persoun geläscht oder 2 Joer vum Enn vum Kontrakt mam betraffener Persoun.

Är Rechter

Dem Gesetz no, hutt Dir follgend Rechter :

  • D’Recht op Informatioun. Mir hoffen, dass dëst Informatiounsblat Är Froe beäntwert huet.
  • D’Recht op e gratis Accès zu Ären Donnéeën.
  • D‘Recht, Är Donnéeën ze rectifiéieren, wann se falsch oder net méi aktuell sinn.
  • D’Recht, Ären Accord zu all Moment ze widderruffen.
  • D’Recht, bei der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) eng Reklamatioun anzereechen, wann Dir mengt, dass d’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën net konform mam Gesetz ass.

A bestëmmte Fäll an ënner de Konditiounen, déi per Gesetz festgeluecht gi sinn, hutt Dir och follgend Rechter:

  • D’Recht, d’Läschung vun Ären Donnéeën ze verlaangen.
  • D’Recht, d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun Ären Donnéeën ze verlaangen.
  • D’Recht, Iech der Veraarbechtung vun Ären Donnéeën aus berechtegte Grënn ze widdersetzen. Zu dësem Zweck kënnt Dir Iech zu all Moment vun eiser Newsletter ofmellen andeems Dir den Ofmellungslink, deen an all Newsletter ass, uklickt.
  • D‘Recht op d‘Iwwerdrobarkeet vun den Donnéeën, déi Dir ginn hutt (d.h. d’Recht, Är perséinlech Donnéeën op engem Support ze kréien, dee vun enger Maschinn gelies ka ginn), falls dat technesch méiglech ass.

Wann Dir Froen zu der Veraarbechtung vun Ären Donnéeën hutt oder Är Rechter ausübe wëllt, kënnt Dir eis kontaktéieren:

Per E-Mail : info@sdk.lu

Per Post :

SuperDrecksKëscht®
Zone Industrielle Piret
L-7737 Colmar-Berg
Luxembourg