LENOZ

Fir d’systematesch Bewäertung vu Gebaier gëtt historesch gesinn – woubäi historesch sech op en Zäitraum vun ongeféier 30 bis 40 Joer bezitt – oft den Energieverbrauch als Qualitéitsmerkmal erugezunn. An de leschte Jore weist sech eng steigend Verbreedung vu Gebai- an Nohaltegkeetsbewäertungssystemer, déi sech niewent enger schonn erweiderter ekologescher Bewäertung och mat méi ëmfaassenden Aspekter fir d’Bewäertung vun der Wunnqualitéit beschäftegen. Esou gi gesellschaftlech, sozial, standuertspezifesch a nach aner Nohaltegkeetsaspekter an d’Gebaibewäertung abezunn. Op der Basis vu bestoende Systemer gouf fir Lëtzebuerg en Zertifizéierungssystem entwéckelt, dat besonnesch op d’Bedierfnesser vu Wunngebaier (Een- a Méifamilljenhaiser) ofgestëmmt ass.

Eng ëmfangräich Qualitéitssécherung bei der Bauausféierung ass e Schlësselfacteur fir eng fachgerecht Ëmsetzung vun enger Planung. Et gëtt eng ganz Rei vun Zertifizéierungssystemer, déi de Firmaen erméiglechen, hir Prozesser an d’Qualitéit vun der geliwwerten Aarbecht ze klasséieren, ze kontrolléieren an ze verbesseren. Dës Systemer beinhalte meeschtens och Ëmweltsaspekter. Duerch d’Wiel vun zertifizéierte Firmae kann d’Qualitéit vun der Bauausféierung gesteigert ginn.

Duerch d’Wiel vun zertifizéierte SuperDrecksKëscht® fir Betriber Firmaen am Bau kënnen am Kader vun der LENOZ-Zertifizéierung bis zu 5 Punkten erdeelt ginn. (Punkte 5.5.2, 5.5.4, 5.5.6, 5.5.8, 5.5.10 vum LENOZ Handbuch, Versioun 53 vum 12. Dezember 2016).

Ausserdeem kënnen am Ganzen 2 Punkten erdeelt ginn, wann e globaalt Baustellenoffallkonzept no de Regele vun der SDK virläit. (Punkte 5.5.11 vum LENOZ Handbuch, Versioun 53 vum 12. Dezember 2016)

Déi separat Erfaassung vun den Offäll, de konformen Transport vun den Offäll, d’Offallvermeidung, d’Entsuergung an d’Dokumentatioun sinn déi haaptsächlech Punkten, déi am Laf vun der Labeliséierung vum Chantier nom Konzept vun der SDK iwwerpréift ginn..

Fir de Chantier ze registréieren, wennt Iech w.e.g. un den Eric Corrignan oder den Jeff Schmit.

Organisatioun an Informatioun

Offalltrennung, Entsuergung an Dokumentatioun

a) Stammelstatioun um Chantier.

Um Chantier gëtt a Containeren de Fraktiounen no getrennt a gesammelt. D’Ofhuelen an d’Entsuergung mussen iwwer en autoriséierten Entsuerger erfollegen. Dir braucht d’Weischäiner oder d’Rechnunge vun Ärem Ofhueler fir den Offallbilan opstellen ze kënnen.

b) Transport an Entsuergung von Offäll iwwer déi eenzel Gewierker

D’Gewierker musse fir jiddwer Stoff déi entsuergt Quantitéit an den Ofhueler noweisen.
Bei Betriber, déi mam SDK Label ausgezeechent sinn, geet d’Estimatioun vun der entsuergter Quantitéit duer.

Transport vun Offäll:

a) Sammelstatioun um Chantier.

Den Entsuerger muss eng valabel Autorisatioun vum Ëmweltministère virweise kënnen.

Positiv Lëscht :
Offallmanagement : Recherche dem Numm vun der Societéit no

b) Transport an Entsuergung vun Offäll iwwer déi eenzel Gewierker:

Déi eenzel Gewierker mussen eng valabel Registréierung vum Ëmweltministère virweise kënnen.

Offallmanagement : Recherche dem Numm vun der Societéit oder der Zort vu Registréierung no

Audit vum Chantier

Préifpunkten:

  • Sammlung vun den Offäll
  • Lagerung vun den Offäll
  • Transport vun den Offäll
  • Dokumentatioun
  • Bilanen

Wann d’Critèren nom Konzept vun der SDK erfëllt sinn, kann de fäerdeggestallte Chantier mam SDK Label ausgezeechent ginn.

Lenoz-Handbuch

Registrierung der Baustelle

Kontakt – Berodung-Baustellen