top image

Aktivitéiten

D'Offallmonster (Cycle 1)

An dëser Aktivitéit gëtt de SchülerInnen ënnert anerem d’Geschicht vum Offallmonster virgelies. Am Kader vun der Geschicht léieren d‘SchülerInnen déi verschidde Figure kennen, déi jeeweils fir eng Offallgrupp stinn. D’Figure gi passend zur Aktivitéit an de Schoulalldag integréiert an ënnerstëtzen d‘SchülerInnen dobäi, hir Offäll richteg ze trennen. Ausserdeem kréien d‘SchülerInnen nëtzlech Tippen, fir Offall ze vermeiden.

Déi grouss Schatzsich (Cycle 2)

An dëser Aktivitéit begleet den Zwerg Billy den/d‘SDK-MataarbechterIn.

De Billy weist, wéi een aus ale Materialien nei Objete maache kann.

Dofir brauch hien awer d’Materialien aus senger Schatzkëscht – mee déi ass zou! Andeems d’SchülerInne Rätselen zu der Bedeitung vum Recycling léisen, hëllefe si dem Billy, seng Offallschätz opzemaachen. Si ginn och gewuer, wuer d’Offallproduiten higehéieren a wat fir Saachen doraus produzéiert kënne ginn.

Naturkreeslaf vs. Wäertstoffkreeslaf (Cycle 3)

An dëser Aktivitéit vergläichen d‘SchülerInne spilleresch den natierleche Kreeslaf vun der Natur mat dem Recyclingkreeslaf vun eisen Offallproduiten. Um Beispill vum Bliederkreeslaf am Bësch erkenne si, dass an der Natur keen Offall entsteet an dass eis Recyclingsprozesser dëst als Virbild huele kënnen. Zum Schluss léieren d’SchülerInnen, wéi een d‘Offäll richteg trennt.

24 Stonnen Offall (Cycle 4)

An dëser Aktivitéit beschäftege sech d‘SchülerInne mam Offall, deen am Laf vun engem Dag bei hinnen ufält. Duerno ënnersiche si unhand vu fiktive Persoune verschidden Offallaarten a -quantitéiten. Dobäi vergläiche si ënnerschiddlech Gewunnechten an erkennen, wéi staark de Ressourcëverbrauch mam Liewensstil zesummenhänkt. De Schwéierpunkt vun der Aktivitéit läit op der Ressourcëschounung duerch dat richtegt Entsuergen an eng geziilt Offallvermeidung.

Circular Lab (Cycle 3+4)

Taucht gemeinsam mat Äre SchülerInnen an déi faszinéierend Welt vun de Ressourcëkreesleef an der Kreeslafwirtschaft an – mam Circular Lab! Duerch interaktiv Experimenter a spannend Aktivitéiten erkläre mir d’Prinzippie vun der Circular Economy op eng spilleresch Aart a Weis.

Eis Highlighten:

1. Interaktiv Experimenter: Loosst Är SchülerInnen d’Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft duerch praktesch Experimenter erliewen.

2. Digital Entdeckungsreesen: Mat innovativen digitalen Tools entdecke mir zesummen d’Zesummenhäng tëschent dem Konsum, dem Offall an engem nohaltege Ressourcëmanagement.

3. Pedagogescht Material: D’Enseignantë kréien am Viraus ëmfangräicht pedagogescht Material, fir hir SchülerInnen optimal op d’Aktivitéite virzebereeden an dat Geléiert ze verdéiwen.

4.Flexibilitéit: De Circular Lab kënnt op Ufro direkt bei Iech an d‘Schoul!

Materialkëschte fir auszeléinen

D‘Offallmonster (Cycle 1)

Firwat ginn et verschidde Poubellen, a wat fir een Offall gehéiert a wat fir eng Poubelle?
Dës Froe ginn zesumme mam Déierche vun der SuperDrecksKëscht® beäntwert !

Workbook – C1

 

 

Déi grouss Schatzsich (Cycle 2)

Wouraus ginn eis alldeeglech Géigestänn iwwerhaapt produzéiert? Kann een eis Offäll benotzen, fir erëm eppes Neies ze produzéieren?

Dat léieren d’SchülerInne mam Zwerg Billy, andeems si him hëllefen, seng Schatzkëscht opzemaachen!

Workbook – C2

Audiodateien

Naturkreeslaf vs. Wäertstoffkreeslaf (Cycle 3)

Wéi ginn natierlech Ressourcen an alldeeglech Géigestänn ëmgewandelt? A wat geschitt mat de Produiten, soubal se Offfall ginn?

D’Äntwerten op dës Froe kritt d’Klass am Kader vun enger ofwiesselungsräicher Aktivitéit!

Workbook – C3

24 Stonnen Offall (Cycle 4)

Wéi vill Offall produzéiere mir iwwerhaapt? Mécht et een Ënnerscheed, a wat fir enger Poubelle den Offall lant?

Dat fannt dir mat dëser Aktivitéit eraus!

Workbook – C4

https://youtu.be/lFRfhiBF03U?si=QAM92jN0A0HUje3J

Besichtegung

Den SDK Ressourcen-Campus entdecken

Dir sidd Enseignant vun enger Klass aus dem Cycle 4 a géift gär zesumme mat Äre SchülerInne follgend Froe klären: „Wat mécht d‘SuperDrecksKëscht®? Wat geschitt mat geféierlechen Offäll? Firwat ginn Offäll iwwerhaapt gesammelt?“

D’Äntwerten op dës spannend Froe entdeckt Dir op enger abenteuerlecher Schatzsich duerch de Logistikzentrum vun der SuperDrecksKëscht®!

Mellt Iech per E-Mail oder Telefon un an entdeckt mat Ärer Klass, wat d’Haaptaufgabe vun der SDK sinn a wéi jiddwereen e Bäitrag zum Schutz vun den Naturschätz leeschte kann!

Weiderbildungen

Mir gi géint den Offall vir! (IFEN)

Dës Formatioun bitt eng ëmfaassend Aféierung an d’Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft a presentéiert aktuell Projeten zu Lëtzebuerg. D’Participanten entwéckele kreativ a praktesch Usätz, fir Offall am Schoulalldag ze vermeiden, a setze gemeinsam mat de Kanner entspriechend Projeten an Iddien ëm. Ausserdeem gi Strategie vermëttelt, fir nohalteg Gesten an de perséinlechen Alldag z’integréieren a Wëssen un d’SchülerInne weiderzeginn.

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom