D’Fro vum nohaltegen Ëmgang mat eisen natierleche Ressourcë stellt haut en transversalen a globalen Defi duer, deen eng zentral Roll bei der Bekämpfung vum Klimawandel spillt.
Déi jonk Generatioun wäert d’Zukunft gestalten. Dowéint ass et wichteg, datt se dat néidegt Wëssen an déi néideg Kompetenzen hunn, fir dësen Defi unzegoen an déi global Entwécklung ze beaflossen.
An dësem Sënn sensibiliséiert an informéiert d’SDK Akademie zum Theema nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen. Eis Offere sinn den ënnerschiddleche Bildungsariichtungen ugepasst a reeche vum Cycle 1 an der Primärschoul bis d’Héichschoulen.