Héichschoul

SDK an der Héichschoul

Am Héichschoulwiese gi jonk Leit ausgebilt, déi scho ganz geschwënn zur Gestaltung vun der Zukunft bäidroen a Verantwortung am alldeegleche Geschéien iwwerhuele wäerten. Haut schonn – an an Zukunft bestëmmt nach méi – wäerten Theeme wéi Offallvermeidung, nohalteg Notzung vu Ressourcen a Kreeslafwirtschaft zum Alldag vu ville Beruffssekteure gehéieren.

An dësem Sënn proposéiert d’Akademie, den Know-How vun der Aktioun SDK an de Beräicher Ressourcëschounung a Kreeslafwirtschaft weiderzeginn an entspriechend Kenntnësser a Kompetenzen am Kader vun dësen Héichschoulparcoursen ze vermëttelen.

Den Inhalt an d’Format gi mat de respektive Responsabelen ofgeschwat.

Hochschule

Aktuell Referenzen:

  • LTETT – Gestion d’entreprise et développement durable
  • LNW – Technologie bois
  • ECG – Assistant de direction / gestionnaire comptable et fiscal / gestionnaire en commerce et marketing

Kontaktéiert eis!

Wëllt Dir den SDK Standuert besichen? Kontaktéiert eis mam Kontaktformular oder andeems Dir eis um +352 488 216-400 urufft.

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.