Ëmweltgestioun

Ëmweltgestioun – Zertifikatioun no EMAS an ISO 14001

Zënter 1999 sinn d’Aktioune vun der SuperDrecksKëscht®  no ISO 14001, zënter 2017 och nach no EMAS (Eco-Management and Audit Scheme) der EU zertifiéiert. ISO 14001 ass en internationale Qualitéitsstandard fir d’Ëmwelt-Management vu kommerziellen an industriellen Entreprisen. Haaptzil vun ISO 14001 ass eng permanent Verbesserung vum Ëmweltmanagement vun enger Entreprise, déi an de Beräicher mat Impakt op d’Ëmwelt schafft.

D’SDK huet sech am Kader vun hirem Ëmwelt-Management verflicht, a ganz besonnesch, an der ökologescher Restrukturatioun vun der Gesellschaft. Dobäi spillen ë.a. dës Moossnamen an Aspekter eng Roll :

  • Energiegestioun,
  • Spueren un der Matière première,
  • Nei ëmweltfrëndlech Verfaren notzen,
  • Ausbildung am Ëmweltschutz,
  • Préiwe vun Ëmweltimpakter,
  • Mesurë fir d’Emissioune méi kleng ze halen,
  • Ëmweltschutz bei Fournisseuren a Partner.

D’Ëmweltpolitik vun der SuperDrecksKëscht®.

Et geet net duer, sech d’Ziler ze setzen, et mussen och Moossname getraff ginn, fir dës Ziler ze erreechen. Déi konkret Ëmsetzung gëtt vum Saarlänneschen TÜV an engem Dreijoresrhythmus iwwerpréift. Déi lescht grouss Préiwung war am Februar 2017 mam Resultat, dat all d’Fuerderungen aus dem Ëmweltsgestiounssystem erfëllt goufen.

ISO 14001 Zertifikat der SDK
Zertifikat (pdf)