En zweet Liewe fir al Brëller
Nei Campagne mat der Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Optiker a Recyclingszenteren
D’SDK koordinéiert d’Sammlung vun ale Brëller. D’Campagne gëtt vun de Lëtzebuerger Optiker ënnerstëtzt. Dir kënnt se op all mobil Sammelstelle vun der SDK an an de Ressourcenzenteren, wéi och op Ufro bei Ärem Optiker ofginn.

D’Virbereedung
A Koordinatioun mat den Ënnerstëtzungspartenariat huet d’SDK decidéiert sech un der Campagne ‚Brillen weltweit‘ matzemaachen, déi zu Koblenz baséiert, déi d’Brëller veraarbecht a verdeelt.
Virbereedung ëmfaasst :
- Botzen
- Test fir ze bestëmmen em wei eng Zort Brëlleglieser et sech handelt
- Reparatur vu Brëller mat Benotzung vu bestoend DeelerBestëmmung vun der Stäerkt vun de Brëller
- Erstelle vun engem Brëll Pass mat all néideg Informatiounen
- Ewechhuele vu Plastiksdeeler wéi Bigelen an Nuespads op Brëller déi net kënne benotzt ginn
- Materialverwäertung vu Brëller déi net méi ze benotze sinn
Sonnebrëller ginn och gepréift a reparéiert wann néideg an an e separate Projet an Nordindien geschéckt.