Shop Green – Nohalteg Produkter recommandéiert vun der SDK

Mat der Campagne „Shop Green – Äre Label fir nohaltegt Akafen zu Lëtzebuerg“ wëll d’SDK de Konsument op ëmweltfrëndlech an offallaarm Produkter am Handel opmierksam maachen an en ënnerstëtze beim ëmweltbewossten Akafen.
Aus dem Grond gëtt fir déi ausgewielte Produkter an de Supermarchéen a Fachgeschäfter, déi bei der Campagne matmaachen, mam Hiwäis „Shop Green“ Reklamm gemaach.

D’Partner vun der Vermeidungscampagne, déi vun der EU-Kommissioun als “best practice” ausgezeechent gouf, sinn d’Ëmweltamt, d’Chambre des Métiers, d’Chambre de Commerce, d’Luxembourg Conféderation an d’Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC).

Wéi eng Produkter recommandéiere mir ?

Déi ugebuede Produkter ginn no dësen allgemenge Richtlinnen ausgewielt:

  • Verpackunge sinn ëmweltfrëndlech a vun hirem Material hier nees verwäertbar (Plastiker oder Metaller, déi markéiert sinn)
  • Produkter enthale keng oder wéineg Schuedstoffer
  • d’Produkt ass nohalteg, dat heescht et huet eng laang Liewensdauer an e geréngen Energieverbrauch beim Benotzen (Energieverbrauch ass esou, wéi et op der Packung steet)
  • d’Produkt ass nom Gebrauch nach materiell verwäertbar, kann op d’mannst nach energeetesch genotzt ginn

Bis elo ginn ugebueden:

  • Wäsch- a Botzmëttel
  • Rinse-off Produiten
  • Hygienespabeier
  • Schoul- a Bürosmaterial
  • Opluedbar Batterien an Opluedapparater
  • Beliichtung (Luuchten)
  • Faarwen, Lacker a Lasuren