Zeréckhuele-system

SuperDrecksKëscht® si Partner a Beoptrage vun der Ecotrel asbl. Dës huet als Vertrieder vun den Hiersteller an den Importateuren am Kader vun der Elektronikschrottveruerdnung deenen hier gesetzlech Verflichtungen iwwerholl. D’SDK organiséiert fir d’Ecotrel asbl di fachgerecht Erfaassung an ëmweltgerecht Verwäertung vu Killgeräter, elektreschen Heizungen a quecksëlwerhaltege Luuchten (www.e-collect.lu).

logo ecotrel

D’SDK ass och nach Partner a Beoptrage vun der Ecobatterien asbl. Dës huet als Vertrieder vun den Hiersteller an Importateuren am Kader vun der Batterieveruerdnung deenen hir gesetzlech Verflichtungen iwwerholl. D’SDK organiséiert fir d’Ecobatterien asbl di fachgerecht Erfaassung an ëmweltgerecht Verwäertung vu Batterien an Akkuen.

logo ecobatterien

Valorlux asbl ass zoustänneg fiert Sammlung a Verwäertung vu Verpakungsoffäll aus den Haushälter a leescht domadder en Beitrag zu enger verbesserter Ëmwelt.

Logo Valorlux