Iwwert eis

D’SuperDrecksKëscht® (SDK) zu Lëtzebuerg, dat sinn Aktioune vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit mat de Gemengen, der Chambre des Métiers an der Chambre de Commerce am Kontext vun der nationaler Offallwirtschaft.

D’SuperDrecksKëscht® (SDK) ass eng Mark, déi am Kader vun den offallwirtschaftlechen Aufgabe vum Lëtzebuerger Stat entwéckelt gouf. Hir Ausriichtung erfollegt no där hierarchesch geglidderter Strategie, déi d’EU virgëtt : Offallvermeidung virun der Opbereedung fir d’Weiderverwendung, virum Recycling, virun anerer Verwäertung ( z.B. energetesch Verwäertung ), virun der Eliminéierung vum Offall. Et ass d’Aufgab vun der SDK, deen neiste Stand vun den Informatiounen ze notzen an ëmzesetzen, fir doduerch eng nohalteg Materialwirtschaft am ökologeschen an am ekonomesche Sënn mat héijem Qualitéitsusproch ze verwierklechen. D’Ausféierung vun där Aufgab mécht et da méiglech, eng Virbildfunktioun auszeüben, do wou eis Gesellschaft ökologesch ëmgeformt soll ginn. Dës Virbildfunktioun ass dofir do, mam Zil vun der Ëmweltentlaaschtung an der Ressourceneffizienz allen Acteuren an der Wirtschaft Impulser ze ginn.

Kompetenzzentrum – am Interessi vun eiser nationaler Ekonomie

Am Kader vum nationale Plang vun der Offallgestioun a fir eng nohalteg Entwécklung ass et d’Aufgab vun der SDK sech fir eng ëmweltfrëndlech, energiebewosste Gestioun, am Respekt mat der Matière première, anzesetzen.

Am private Beräich

Zesumme mat Konsumentenassociatiounen a mam Handel setzt d’SDK sech fir en nohaltegen an intelligente Konsum an, d.h., Vermeide vun Offall a Kaf vun ökologescher Produiten. Vum SDK-Zenter aus ginn all dës Aktivitéite koordinéiert.

Ekonomie

An der Ëffentlechkeet héiert ee leider ëmmer nach, datt d’Moossname fir d’Ëmwelt ze schounen, wéi Offalltrennen oder alternative Produiten ze gebrauchen, fir e Betrib ze deier ginn. Mä d’Erfarung vu ville Betriber huet ewell bewisen, dat genee de Géigendeel zoutrëfft. Eng ekologesch Offallsgestioun bréngt manner Käschten an etlech aner Virdeeler, wéi z.B., an der Gesondheetspreventioun.

SDK Akademie

D’SDK Akademie ass d’Sensibiliséierung-, Opklärungs-, Bildungs- a Qualifizéierungsorgan vun der SDK. D’SDK Akademie konzentréieren sech un di ganz Gesellschaft a verfollegt folgend Missioun: Duerch zukunftsorientéiert Bildung, nohaltegt Handelen allgemeng fërderen an zougänglech maachen.