Circular Economy

“Circular Economy” – Néi Chance fir Är Entreprise !

vun der Konsumgesellschaft ewech op d’zirkulär Wäertschëpfung

D’Zil vun der „Circular Economy” besteet dran, d’Réistoffer iwwer de Liewenszyklus vun engem Produkt oder enger Wuer eraus erëm méiglechst wäitgoend an d’Hierstellung vun neie Produkter zréckzebréngen.

D’„Circular Economy” orientéiert sech un der Biosphär, an där natierlech Kreesleef ëmmer nees oflafen. D’Ofbauprodukter déngen hei erëm als Buedem, Dünger oder Ausgangsstoffer fir nei Produkter. Dofir schwätzt een och vum “Cradle-to-cradle”-Prinzip (d.h. vun der Wéi an d’Wéi).

Eng bedeitend Roll spillt an der „Circular Economy” dofir d’widderhuelt Erëmbenotzen (Kaskadennotzung) vu Produkter a Wueren, fir ugefallen Offallprodukter als Sekundärréistoffer weiderverwäerten ze kënnen. Sekundärréistoffer si Stoffer, déi no enger entspriechender Opbereedung erëm als Ausgangsstoffer fir d’Hierstellung vun neie Wuere benotzt kënne ginn an net als Offall deponéiert oder entsuergt musse ginn.

logo Potentiel de ressources

D’Ressourcenpotential-Konzept vun der SDK

D’SDK hat dat Konzept vum Ressourcenpotential als wichtege Bestanddeel vun der Circular Economy entwéckelt. Dat ISO 14024-zertifiéiert Instrument ka souwuel an der Réckproduktioun (Recycling) als och an der Néiproduktioun agesat ginn.

 www.ressourcenpotential.com

Méi Informatiounen