SDK-Entsuergungspartner

Speziallogistik – e sécheren a kompetenten Transport

Rotschléi fir d’Entsuerge vum Betribsoffall zu Lëtzebuerg

Huelt fir d’Entsuerge vun Ärem Offall am Betrib nëmme spezialiséiert Firmaen, déi eng Transportgenehmigung vum Ëmweltministère hunn. Esou kënnt Dir sécher sinn, datt déi gesetzlech Mindeststandarde bei Offalltransporter a –verwäertungen agehale ginn. Dir fannt eng Lëscht vun den autoriséierte Spezialentsuergensfirmaen ënner www.environnement.public.lu/

D’Kooperatiounspartner vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber sinn och ënner strenge Qualitéitskontrollen ënnerworf:

  • zortéiert an transparent Sammlung beim Client
  • propper a getrennt Lagere vun de Produiten, am Fall wou se mussen tëschegelagert ginn
  • transparent Eliminatioun, dobäi d’Recycléiere vun der Matière enger thermescher Verwäertung virzéien
  • propper Camionen an Halen
  • Clienten iwwert Vermeidungsméiglechkeeten informéieren
  • Qualifizéierung vun de Mataarbechter an Anhale vun den Aarbechtsécherheetsstandarden.

D’SDK Label fir Entsuergungspartner steet fir ökologeschen Transport, Lagerung a Veraarbechtung (Recycling / Entsuergung) vun ale Produkter (Offall).

Bis elo sinn dës Lëtzebuerger Entsuergungsfachbetriber mam Qualitéitslabel fir Collecteuren ausgezeechent ginn:

ENTEK Entsorgungstechnik, D-Gladenbach

Hein-Déchets, L-Bech-Kleinmacher

Recup-Oil BVBA, B-Ingelmunster

Oekolux sàrl, L-Grevenmacher

Schirra GmbH & Co KG, D-Wadern-Lockweiler