Green Events

“Green Events”

Am Grand-Duché vergeet kee Weekend ouni, dass Duerffester, Festivals, sportlech oder kulturell Eventer sattfannen. Dës Dynamik verdanke mir villen Veräiner, déi de Visiteuren erméiglechen ze iessen, sech ze erhuelen an Zäit mat der Famill ze verbréngen. Mee dodurech erhéicht sech d’Offallproduktioun an de Verbrauch vun Energie, déi fir Heizen, Kachen, Beliichtung an Transport gebraucht gëtt. Kuerz gesot, dës wierken sech op d’Ëmwelt, d’Klima an déi lokal Communautéit aus.

Wat ass e Green Event?

E Green Event ass also eng Veranstaltung déi versicht, hiren negativen Impakt op d’Ëmwelt, d’Awunner an d’Klima ze reduzéieren.

Firwat ass de Projet Green Events an d’Liewe geruff ginn?

“Green Events” gouf entwéckelt fir den ökologesche Foussofdrock vun Eventer zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an esou ëmweltfrëndlech Eventer ze ënnerstëtzen, andeems d’Organisateuren, déi hier Eventer ëmweltbewosster maache wëllen, informéiert, sensibiliséiert a begleet ginn.

De Projet gouf vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit initiéiert. Den Oekozenter Pafendall an d’SDK si responsabel fir d’Koordinatioun vum Projet an d’Berodung vun den Organisateuren.

Wéi eng Hëllef gëtt ugebueden ?

  • Websäit – www.greenevents.lu
  • Individuell Berodung
  • Interaktiv Infokonferenzen
  • Logoen als Unerkennung