1. Contenu vun der Online-Offer

D’SuperDrecksKëscht® ka keng Garantie fir d’Richtegkeet a Vollständegkeet vum Contenu vun dëse Säiten iwwerhuelen. Si gëtt sech zwar Méi, d’Informationsoffer permanent ze vergréisseren an um neiste Stand ze halen, mä eng allerlescht Aktualitéit ka wéinst der immenser Zuel vun Daten an Datequellen net erreecht ginn.

Usproch op Haftung géintiwwer der SuperDrecksKëscht®, fir negativ Konsequenzen duerch net vollstänneg oder falsch Informatiounen aus hirer Internetsoffer, ass grondsätzlech net méiglech.

D’SuperDrecksKëscht® behält sech d’Recht vir, Deeler vun der Säit oder déi komplett Offer ouni Preavis ze veränneren, ze läschen, oder d’Publikatioun zäitweis oder definitiv ze stoppen.

Fir eng net autoriséiert Manipulatioun vun der Internetsoffer kann de Bedreiwer net verantwortlech gemaach ginn, eng Haftung ass ausgeschloss.

2. Hiweiser a Links

Bei Verweiser op friem Websäiten (Hyperlinks), wou d’SuperDrecksKëscht® keen Afloss huet, ka keng Verantwortung iwwerholl gi fir dat, wat do dra steet. Si distanzéiert sech dann ausdrécklech dovun. D’SuperDrecksKëscht® weist och drop hin, datt zur Zäit wéi de Link geschaf gouf, keng illegal Texter op deene Säiten ze erkenne waren.

Illegal, feelerhaft oder net komplett Inhalter vu verlinkte Websäiten an de méigleche Schued, deen doraus kënnt entstoen, fällt eleng ënner d’Verantwortung vum Bedreiwer vun dëser Internetsäit.

D’SuperDrecksKëscht® distanzéiert sech och vu Contenue vu friemen Internetsäiten op déi si keen Afloss huet.

3. Droit-d’auteuren a Copyright

Wann op dëse Säiten Marquen oder Marquenzeeche genannt ginn , da ënnerleien déi ouni Aschränkung den Droit d’Auteuren vun hire Propietären.
De Copyright fir publizéiert, vun der SuperDrecksKëscht® selwer ausgeschafften Objeten, bleift eleng an hirem Besëtz.

Eine Vervielfältigung oder Verwendung von Grafiken, Tondokumenten, Videosequenzen oder Texten für öffentliche Zwecke bedarf einer ausdrücklichen schriftlichen Zustimmung durch die SuperDrecksKëscht®, wann net op der Säit selwer schonn en Hiweis op dat fräit Benotzen vun dëser Säite steet.

4. Ännerung vun der Internetsäit

D’SuperDrecksKëscht® behält sech d’Recht vir, dës Internetsäit ouni Preavis fir Maintenanceaarbechten, Updaten oder aner Zwecker, déi als noutwendeg betruecht ginn, weiderzeentwéckelen, ze änneren oder z’ënnerbriechen. D’SuperDrecksKëscht® kann zu all Moment all oder en Deel vun den Informatiounen a Servicer, déi op der Internetsäit proposéiert ginn, zeréckzéien, derbäisetzen, ergänzen oder preziséieren.

5. D’Cookien

D’SuperDrecksKëscht® hëlt de Schutz vun der Privatsphär vu hire Visiteure ganz eescht a wëllt Äert Vertrauen a hir Servicer preservéieren.
D’SuperDrecksKëscht® invitéiert Iech, hir Cookie-Richtlinnen ze liesen.

6. Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

D’SuperDrecksKëscht® hëlt de Schutz vun der Privatsphär vu hire Visiteure ganz eescht a wëllt Äert Vertrauen a hir Servicer preservéieren.
SuperDrecksKëscht® invitéiert Iech, hir Dateschutzrichtlinnen ze liesen.

7. Salvatoresch Klausel

Wann Deeler oder eenzel Formuléierungen net, net méi oder net komplett dem Text vun der momentan gülteger Rechtslag entsprieche sollten, gëllen awer déi aner Deeler vun dësem Dokument. An deem Fall gëllt déi Bestëmmung, déi der gewolltener Bestëmmung am nootste steet. Dat gëllt och, wann d’Reglement net ganz kloer.

8. Uwendbaart Recht a Geriichtsbarkeet

All Sträitfall am Zesummenhang mat der Notzung vun der Internetsäit vun der SuperDrecksKëscht® ënnerläit dem Lëtzebuergesche Recht an der exklusiver Zoustännegkeet vun de Lëtzebuerger Geriichter.

Bei Froen zu dëser Internetsäit oder hirem Inhalt, kënnt Dir eis per E-Mail kontaktéieren: info@sdk.lu


© 2021 – SuperDrecksKëscht® – Chargé de mission: Oeko-Service Luxembourg
S.A., Zone Industrielle Piret, L-7737 Colmar-Berg
R.C. Luxembourg B 34560
Autorisation d’établissement N° 63297/B
Directeur: Hans-Peter Walter
info@sdk.lu