Ekologesch Offallgestioun an der Landwirtschaft

Laang war et an der Landwirtschaft nach méiglech, wäitgoend zoue Kreesleef z‘erhalen an Offäll am Betrib ze miniméieren. Awer och hei sinn de Konschtstoff an d’Verpakungen ukomm a bei der Instandhalung vu Gebaier a Maschinne fale Produkter wéi Almetaller, Elektrodeeler, Liichtmëttel oder Alueleger un. Dacks leien d‘Quantitéite wäit iwwer deem, wat a ländleche Privatstiet üblech ass.

Falls et hei Froen oder Problemer gëtt, kënnen sech och landwirtschaftlech Betriber un d‘SuperDrecksKëscht® wennen. D’SDK ass e gratis Service vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers an der Chambre de Commerce). Am Virdergrond steet ëmmer déi gratis Berodung. D‘Offallentsuergung geschitt an der Reegel weider iwwer déi bestoend Strukturen. An Extrafäll z.B. bei problemateschen Offäll wéi Alueleger steet d’SDK och als Entsuerger zur Verfügung.

Wat bitt d’SuperDrecksKëscht® fir Betriber der Landwirtschaft :

  • Berodung, Informatioun a Weiderbildung z.B. an Zesummenaarbecht mam Maschinenring an der ASTA
  • Vermeidung a Verwäertung, Organisatioun vun der Agrarfoliesammlung an Zesummenaarbecht mat der ASTA an dem Maschinenring
  • Tipps fir d‘ökologesch Behandlung a Lagerung vun Offäll
  • Dokumentatioun an Zertifizéierung
  • Ëffentlechkeetsaarbecht fir Labelbetriber

D’SDK Label ass e Qualitéitszeeche fir ëmweltgerecht Offallwirtschaft, zertifiéiert no der Norm DIN EN ISO 14024. En zeechent Betriber an Institutiounen aus dem privaten an ëffentleche Beräich aus, déi duerch d‘Ëmsetzung vum Konzept SDK en aktive Bäitrag fir de Schutz vun der Ëmwelt duerch e modernt Offallmanagement leeschten. Och Betriber aus dem primäre Sektor – Landwirtschaft, Wäibau a Forstwirtschaft kënnen dëse Label kréien.

Zesumme mam Beroder vun der SDK gëtt en Offallwirtschaftskonzept erschafft. Et beinhalt ë.a. d‘Duerchféiere vun Offallvermeidung- a verréngerungsmoossnamen, déi getrennt Erfaassung vu Reschtstoffer souwéi d‘Zesummenaarbecht mat autoriséierten Entsuerger, déi eng héichwäerteg Verwäertung bzw. eng ëmweltgerecht Entsuergung vun dëse Reschtstoffer garantéieren. Betriber, déi sech un d‘Labelkriterien halen, kënnen ausgezeechent ginn. Si ginn all Joer, no 5 Joer all zwee Joer iwwerpréift.

An nach en Tipp. Sollt Dir d‘Instandhalung vun Infrastruktur a Maschinnen net selwer duerchféieren, dann notzt einfach Handwierksbetriber mat SDK Label. Esou kënnt Dir sécher sinn, datt dës déi ufalend Offallprodukter ökologesch korrekt entsuergen.

Notzt als landwirtschaftleche Betrib déi gratis Berodung duerch d‘SDK. Infoe kritt Dir iwwer den Tel. 488 216 1 oder info@sdk.lu.

Méi Informatiounen