Shop Green – Faarwen, Lacker a Lasuren

Em wat geet et?

D’Benotze vun ëmweltfrëndleche Faarwen, Lacker a Lasuren ass net nëmme gutt fir d’Ëmwelt, mee ass och aus gesondheetleche Grënn ze empfeelen. Virun allem fir den Asaz am Banneberäich soll ee gutt oppassen, wat fir Faarwen een eraussicht.

Produktgruppen

Emissiounsarm Faarwe fir de Banne- a Bausseberäich

Beschichtunge fir Holz a Metall

Hiweiser

Plange virum Ustrach: Kaaft nëmmen déi Quantitéiten déi Dir tatsächlech braucht. Mat passenden Holz an der richteger Konstruktioun kënnt Dir d’Benotzung vun Holzkonservéierungsmëttel staark limitéieren. Fannt eraus weie Produkt am Beschten zu Ärem Besoin passt.

Nom Ustrach: Iwwerreschter wäerte méi laang hale wann Dëppercher fest zougemaach sinn an op d’Kopp gelagert ginn.

Krittäre

Bewäert ginn ënner anerem déi eenzel Inhaltsstoffer ( wéi z.B. Faarfpigmenter, Konservéierungsstoffer,…) an och deenen hir Auswierkungen op d’Ëmwelt an op d’Gesondheet vum Konsument. D’Krittäre bestëmmen awer och, wéi vill Formaldehyd a Léisungsmëttelen an der Faarf dra sinn, wéi geféierlech déi Faarf fir d’Waasser ass a wéi héich de Verbrauch ass. A wéi bis elo mussen dës Produkter och an Zukunft nach a Verpackunge vu verschiddene Gréissten am Handel ugebuede ginn.

Logo Shop Green

Méi Informatiounen